juliewagner.lu

juliewagner.lu Schéin dass du hei bass! Wann's Du bereet bass deng Ernierung z'änneren, begleeden ech dech ganz gär op denger Rees. Mell dech bäi mir. Ech freeën mech op dech :)

Mäin Numm ass Julie Wagner an ech hunn holistesch Gesondheets- an Ernierungsberodung studéiert. Ursprénglech well ech endlech selwer gesond wollt ginn. Jorelaang hunn mech Verdauungsproblemer, Mowéi, Kappwéi a vill Schwindel geplot. De villen Mësserfolleg bäi den Dokteren huet mech ëmmer méi verzweiwelen gelooss - bis ech mäi Liewen selwer an d'Hand geholl hunn! Wärend menger Ausbildung konnt ech

dat wat ech geléiert hunn direkt un mengem eegene Kierper ëmsetzen an konnt meng Krankheeten duerch eng Ernierungsëmstellung heelen. Mäin Bauchgefill huet sech verbessert, meng Liewensqualitéit an Energie sinn eropgaangen an ech gouf soumat méi glécklech. Ech weess datt vill Leit och sou fillen an dofir ginn ech mäi Räichtum un Erfarungen gär weider, fir och däin Bauchgefill ze verbesseren. Gären begleeden ech dech och als Trainerin am Bewegungs- an Sportberäich.

02/01/2026

👇🏻👇🏻🤸🏼‍♀️💖

🎀🎄✨️
17/12/2025

🎀🎄✨️

🎄 Chrëschtdag steet virun der Dier! 🎄

Nach op der Sich no engem besonnesche Kaddo?
Mat de B**gen vum Club Uewersauer verschenkt Dir onvergiesslech Momenter, flott Erliefnesser an nei Bekanntschaften – dat perfekt Geschenk fir Jidwereen!

✨ Dir hudd d’Wiel:

🎁E B**g fir eng konkret Aktivitéit
🎁E B**g, mat deem d’Persoun selwer hir Lieblingsaktivitéit
auswielen kann

📬 Gedréckte B**gen kënnen nach bis den 24. 12 bestallt ginn

💻 Eisen digitale B**g ass zu all Moment direkt verfügbar!

🎅 Maacht dëse Chrëschtdag zu eppes ganz Besonneschem!

Mäin neien Hierschtprogramm ass prett 🧘🏼‍♀️🍂An Zesummenaarbecht mat Inter-Actions asbl - Club Uewersauer 💛Méindeg 18:30-...
04/09/2025

Mäin neien Hierschtprogramm ass prett 🧘🏼‍♀️🍂
An Zesummenaarbecht mat Inter-Actions asbl - Club Uewersauer 💛

Méindeg 18:30-19:30 ➡️ Stretch & Relax (Heischent)

Dënsdeg 19:00-20:00 ➡️ Tabata (Guppe A) (Nacher)
Dënsdeg 19:00-20:00 ➡️ Pilates (Gruppe B) (Nacher)

Donneschdeg 08:30-09:30 ➡️ Morgengymnastik (Heischent)

Freideg 10:00-11:00 ➡️ Rückengymnastik (Heischent)

✨️ Ech hunn ausserdeem nach Platz fir individuell oder Gruppen Coachings an nach puer fräi rendez-vous'en fir eng ganzheetlech Ernärungsberodung 🍊🥕

Mell dech gär bei mir fir weider Informatiounen.
Ech freeën mech schonn 🤸🏼‍♀️🫶🏻

📸 by Cathy Photography

30/04/2025

☀️Club Uewersauer - Stretching& Relax mam Julie Wagner☀️

⚠️‼️Nei am Programm‼️⚠️

Ab dem 05. Mee organiséieren mir zesummen mam Julie Wagner een "Stretch & Relax Cours" am Centre Culturel zu Heischent un.

✅5. Mee 2025 - 14.07.2025
✅18:30-19:30 Auer
✅110 €
✅☎️2740 2780 oder 📩[email protected]

30/04/2025

🧘‍♀️Yoga-Kurs- Entspannung für Körper und Geist🧘‍♀️

‼️ Mir hunn nach Plaze fräi ‼️

👉Wéini : 05.05-14.07.2025
👉Auerzäit: 10:30 - 11:30
👉Wou: Festsall ''Hannert der Kierch'' zu Baschelt
👉 Präis : 110€ / 8 séancen

Wëllt och Dir bei dësem flotten Cours dobäi sinn? Dann mellt Iech nach séier bei eis un 🙂
☎️27 40 27 80 oder per 📧 [email protected]

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque juliewagner.lu publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à juliewagner.lu:

Raccourcis

Partager