05/08/2026
Yoga um Burfelt (Stau).
Léif Frënn vum Yoga,
Ech wollt Iech matdeelen, dass mir eis e Sonndeg 9.8. um 10 Auer um Parking uewen (Neihaff) fir op Burfelt Plage treffen.
De Link wou mir eis genau treffen ass an de Kommentaren.
Folgendes steet um Programm:
* Mir treppelen an der Stëllt erof bis bei de Stau (bewosst Goen).
* Ënnen ukomm, siche mir eis eng schéi Plaz fir e Yogacours vun 1 Stonn 15 Min (Yogamatt a wat’s de soss nach brauchs fir Yoga ze maachen, net vergiessen)
* Uschléissend kënnen déi Leit déi Loscht hunn, natierlech nach schwamme goen, respektiv picknicken an de Sonndeg gemittlech ausklénge loossen.
D’Participation ass op Basis vun Donen. Umeldung erwënscht!
Klenge weideren Tipp: De Serge Tonnar (mäi Mann 😉) gëtt um 5 Auer e Konzert um Houfelt zu Bauschelt.
Freeë mech
Namaste
Sabine