01/07/2026
• URKRAFT •
E ganzheetleche Konzept mat Hypnos, Nervensystem-Aarbecht a Kierperbewosstsinn
Well du kanns net wierklech lassloossen, wann däi Kierper sech net sécher fillt.
Gebuert ass awer e Lasslossen, dat mächtegst Lasslossen iwerhapt.
Eng Gebuert ass vill méi wéi e kierperleche Prozess. Si ass en Zesummespill vu Kierper & Nervensystem, Hormonen, Gedanken, Emotiounen Programmatiounen an Erfahrungen hun e groussen Afloss an de Prozess wou dai Kierper sou grouss muss opgoen wei na nie virdrun.
Fir datt eng Fra sech wärend der Gebuert esou gutt wéi méiglech op dee Prozess alosse kann, brauch hire Kierper virun allem ee Gefill: SECHERHEET!
Wann de Kierper sech geschützt, gedroen a sécher fillt, kann de natierleche Prozess vun der Gebuert sai Laaf huelen.
Ass d’Nervensystem dogéint an engem Zoustand vu Stress oder Alarmbereetschaft, kann dat Afloss op d’Gebuert hunn.
Gläichzäiteg ass all Gebuert eenzegaarteg a gëtt vu ville Facteure matbestëmmt.
Dofir fänkt dëse Wee net eréischt un, wann d‘Gebuertswelle (Wéihe) lassginn.
E fänkt vill méi fréi un – mat der Verbindung zu dir selwer, mam Vertrauen an däi Kierper an der Fähegkeet, Sécherheet vu bannen eraus opzebauen.
URKRAFT verbënnt Erkenntnisser iwwer d’Nervensystem mat Hypnos, Kierperaarbecht, Opmierksamkeet an d‘Zereckverbannen un deng Instinkter.
D’Zil ass net déi „perfekt“ Gebuert, mee eng Fra, déi sech mat sech selwer verbonnen fillt, sech secher an hierem Kierper spiert an Outilen huet fir bewosst op d‘Nervesystem an esou och op d‘Hormoner kennen anzewierken.
An genau dat kann den Gebuertsprozess immens erliichteren.
Mir gesinn eis 8 Kéieren iwert Visio fir dech erem mat denger Urkraft ze verbannen an un Themen ze schaffen dei se de Moment blockéieren.
Dëst Konzept geet wait iwert Firbereedung op d‘Gebuert eraus. Et ass e Gewënn fir dai Liewen als Fra, an denger Stärkt. Dës Arbecht ass aus purer Léift zu de Fraen entstaan, aus mengem Härz entsprong mat der 13 Jähreger Erfahrung dei ech an Hypnos, Gebuertsarbecht, Nervesystemarbecht an Fraebegleedung gesammelt hunn.
An deenen 8 Seancen mache mir Hypnosen dei un deifgehende Muster a Programmatiounen aus de Generatioune virun dir, aus denger Erzeiung, dengem Vertrauen an dai Kierper a.s.w schaffen. Du kriss Outil‘en a vill Wësse mat un deng Sait an du mess eng Angschtopléisung.
Meld dech iwert PN fir d‘Umeldung oder weider Froen
Si ersetzt awer net d‘Begleedung vun enger Hiewann oder engem Gynecologue