28/07/2026
🌸 Paint & Bloom kënnt geschwënn...
D'Häerzenszäit asbl plangt den éischte Paint & Bloom-Workshop. Eng kreativ Auszäit, an där mir zesummen eng Glasvas mat Acrylfaarwe gestalten – ouni Leeschtungsdrock, mee mat vill Freed, Faarf a Raum fir Kreativitéit.
Ier mir den definitiven Datum festleeën, brauche mir Är Hëllef. 💛
🗳️ Stëmmt dofir gären of wéi een Datum iech am Beschten passt:
🌿 1️⃣ Sonndesmoies, den 23.August
🌿 2️⃣ Sonndesmoies,den 6.September
🌿 3️⃣ Sonndesmoies,den 13.September
🏠Mäertert
Schreift einfach 1, 2 oder 3 an de Kommentar oder maacht eng PN. 💛
Är Stëmm hëlleft eis, e Moment ze schafen, un deem esou vill wéi méiglech Leit kënnen dobäi sinn.🫶
Mir freeën eis schonn, dëse kreative Moment mat Iech ze deelen. ✨
Häerzenszäit asbl
Raum fir dat, wat an dir lieft. 🌿