Natierlech mam Fabienne

Natierlech mam Fabienne 🍀| Kleng Ritualer. MĂ©i Balance. Ich bin Fabienne, 37 Jahre alt und Mutter von zwei wunderbaren Kindern.

MĂ©i Wuelbefannen.✹|
🌿 Ech deelen Inspiratioun fir mĂ©i Balance am Alldag.
✹ Essential Oils ‱ Selfcare ‱ Natierlech Gewunnechten
💚 Wellness fĂ€nkt mat klenge Ritualer un. Als unabhĂ€ngige Wellnessberaterin bei Doterra teile ich meine Leidenschaft fĂŒr Ă€therische Öle und gesunde Lebensgewohnheiten. Es ist meine Mission, anderen zu helfen, ein ausgewogenes und gesundes Leben zu fĂŒhren, indem ich ihnen ei

nfache, natĂŒrliche Lösungen fĂŒr ihre WellnessbedĂŒrfnisse anbiete. Meine Arbeit gibt mir die Möglichkeit, sowohl meiner Familie als auch meinen Kunden zu zeigen, wie sie ihre Gesundheit auf natĂŒrliche Weise fördern können.

23/07/2026

🌿 "Gedanke vum Donneschdeg"

Wéi ech geléiert hunn, méi op mÀi Kierper ze lauschteren.

Fir ganz eierlech ze sin, haat ech net wirklech en richtegen Choix. No enger Covid Infectioun 2024, huet sech main Liewen innerhalb vun Wochen verÀnnert. Saitdeem liewen ech mat Long Covid an Me/cfs.

Laang hun ech mer d'Fro gestallt firwaat et mer vidrun sou schwéier gefall ass 'Nee' ze soen an wéi oft ech main Nervensystem bis op den Limit gedreckt hun. Aentwert kruut ech mat 38: ADHS!

Yippie- eng flott Kombi gell! :) (daat hun ech mer och geduet)

Opjiddefall huet den Me/cfs mer opmanst eppes bruet: anzwar dass ech mech hun MISSEN mat mer selwer auserneen setzen, MECH kennenleieren an MECH massiv ze bremsen an erausfannen . Waat deet mer gudd an waat brauch ECH elo?

Mech endlech reguléieren, no mer kucken an mengem Kierper all Daag déi Bescht méiglech Ennerstëtzung gin ouni den System ze iwwerfuederen, well jo ME/CFS ass eng Multisystem Erkrankung.

Ech gin zou, et klappt mol manner gudd awer och ganz oft gudd. Eisen Kierper ass net eisen Feind, mir mussen en unhuelen an en Ennerstëtzen, well trotz all chronescher Krankheet, dréit en eis awer nach emmer ronderem. Also wart net laang wann en Impuls vun bannen kennt, waat der grad braucht! Lauschtert an iech eran an setzt et em.

21/07/2026

🌿 “Wat wann
”

Wat wann mir eis selwer mat dĂ€r selwechter FrĂ«ndlechkeet gĂ©ife behandelen, wĂ©i eis bescht FrĂ«ndin? 💚

Mir sinn dacks eisen eegene strengste Kritiker an gleeft mer et ass meng greissten Liewensaufgab mech wirklech esou ze empfÀnken wei ech eben sin. Mat deenen gudden a schlechten Saiten.

Mir gesinn eis Feeler.
Mir gesinn dat, wat nach net fÀerdeg ass.
Mir gesinn dat, wat mir hÀtten anescht maache kënnen an oft vun eisem Spiggelbild guer net ze schwÀtzen.

Mee wĂ©ini hu mir eis fir d’lescht gesot:

“Ech ginn haut mĂ€i Bescht. An dat ass genuch.” oder : Haut laachen ech mech mol selwer un đŸ„°

VlÀicht brauche mir net nach méi Drock.

VlÀicht brauche mir just e bëssen méi Léift fir eis selwer.

✹ Wann s du dir haut ee Saz kĂ©ints schenken, wĂ©i gĂ©if en ufĂ€nken?

20/07/2026
đŸ„° Sonndeg. ZĂ€it fir ofzeschleissen mat der Woch! Fir mech ass de Sonndeg mĂ©i wĂ©i just d’Enn vun der Woch. Et ass e Momen...
19/07/2026

đŸ„° Sonndeg. ZĂ€it fir ofzeschleissen mat der Woch!

Fir mech ass de Sonndeg mĂ©i wĂ©i just d’Enn vun der Woch. Et ass e Moment, fir zerĂ©ckzekucken op daat waat schĂ©in war mee och op dĂ©i Saachen dĂ©i schwĂ©ier waren an der Woch.

A fir dat lasszeloossen, wat ech net mat an dĂ©i nei Woch huele wĂ«ll. Et ass een net emmer zefridden mat sech selwer mee mir mussen ophaalen mat eis selwer sou streng an d‘Geriicht ze goen.

Net all Woch leeft esou, wéi mir eis dat virstellen.
Heiansdo droe mir EnttÀuschungen, Roserei oder Suergen méi laang mat eis, wéi eis gutt deet.

An dofir huelen ech mir all Sonndeg e puer roueg Minutten fir mer ze soen: Et ass ok Fabienne, du hues an deem Moment dain Bescht gin mat deem waats de grad konns gin.

Main Oil Buddy fir dest klengt Ritual ass definitiv den FORGIVE. SÀi waarmen, mëllen Doft erënnert mech drun, bewosst duerchzeotmen an mat engem méi liichte HÀerz an déi nei Woch ze starten an brengt mech nees a Kontakt mat der Léift zu mer selwer.

Lassloossen heescht net vergiessen.

Et heescht, sech selwer d’Chance ze ginn, nees mat Fridden, Hoffnung an neier Energie virun ze goen.

💚 Wat wĂ«lls du haut hanner dir loossen, fir muer mat Liichtegkeet nei unzefĂ€nken?

Haut war ech midd
 mat enger chronescher Krankheet ze liewen mescht et net mei einfach well et vun engem Ament op deen a...
18/07/2026

Haut war ech midd
 mat enger chronescher Krankheet ze liewen mescht et net mei einfach well et vun engem Ament op deen aneren nees kippen kann, mee et hĂ€llt mech awer och net dovun oof dei gudd Momenter am Daag ze wĂ€rtschĂ€tzen an mengem Kierper einfach d‘Basis ennerstĂ«tzung ze gin.

Positiv mindset and natural solutions an et geet đŸ„°

17/07/2026

🌿 "5 Saachen, dĂ©i mech beschreiwen"

Et ass ZĂ€it, datt dir mech e bĂ«ssen besser kennelĂ©iert. 💚

Hei sinn 5 Saachen, ouni déi mÀin Alldag net dee selwechte wier:

🌿 D'Natur – si hĂ«lleft mir, mech energetesch nees opzelueden an Dankbar ze sin.

☕ Eng Taass Kaffi fir de Moien unzefĂ€nken, ouni Kaffi geet et net.

💚 Kleng Ritualer, dĂ©i mir Rou an de Alldag brĂ©ngen, wĂ©i zb an meng BĂŒrosschlappen schlappen :)

đŸ‘šâ€đŸ‘©â€đŸ‘§â€đŸ‘Š ZĂ€it verbrengen mat deene Leit, dĂ©i ech gĂ€r hunn an ZĂ€it fir mech selwer fir mer eppes guddes ze doen. Daat kann och einfach nemmen e Schoko Bon sin, deen mech glĂ©cklech mecht.

✹ D'Freed, natierlech Iddien a kleng Inspiratiounen mat aneren ze deelen.

WĂ©i gesait et bei ierch aus?😊

🌿 Meng Morning Routine dĂ©i keng ass😂Ech gleewen net, datt ee perfekte Moien existĂ©iert. Mee ech gleewen un kleng Gedanke...
16/07/2026

🌿 Meng Morning Routine dĂ©i keng ass😂

Ech gleewen net, datt ee perfekte Moien existéiert. Mee ech gleewen un kleng GedankengÀng déi een positiv an den Daag starten léisst.

Ech huelen bewosst eppes net perfektes als perfekt un wĂ©i meng Taass op der Foto dĂ©i genee esou en Eck eweg huet wei ech đŸ˜‚đŸ„° an 💚 e Moment fir dĂ©if anzeotmen.

Einfach kuerz Rouh anhaalen an d‘Natur bewonneren an Dankbar sin fir dĂ©i schĂ©in Vue vun der Tankstell.

Et sinn dës kleng Momenter, déi mir hëllefen, de Dag méi roueg unzefÀnken.

✹ Hues du och e klengt Moiesritual, op dat s du net verzichte wĂ«lls?

15/07/2026

🌿 E neien Ufank.

Heiansdo ass et ZÀit, e neie Wee anzeschloen oder einfach mol nees aus aalen Denkmuster nees erauszekommen wéi: Ech kann daat net, ech trauen mech net oder ech sin net gudd genuch an all deen aneren BLABLA deen mer eis selwer all Daag an de Kapp geheien.

Ech hunn dës SÀit nei opgebaut, well ech endlech prett sin, oder opmanst fillen ech et mol am Moment esou :) Prett mech sou wéi ech sin dobaussen ze weisen, mat mengem Chaos, mee awer och mat all menger Léift fir meng Matmenschen, Déieren an d'Natur.

Natierlech wÀrt ech iech iwwert ÀthÀresch Ueleger verzielen an wéi een se ennerstëtzend asetzen kann an den Alldag méi roueg, méi bewosst a méi schéin maachen kann.

Et geet awer och Ă«m Selfcare. Daat wuert huet mech iergendswei emmer gestresst đŸ€Ł

Jo et dierf een soen : Ech maachen eppes fir mech an dofir muss ech kengem Rechenschaft ofleen. Et ass net einfach, ECH WEES. Ech schaffen och nach drun :)

Ech hoffen, datt dës SÀit e Plaz gëtt, wou dir Iddien, e klengen Moment Rou an e bëssen Inspiratioun fir Àren Alldag fannt an's der vlait einfach soen kanns:

E bessen geckeg ass méi wéi OK haaptsaach ech sin glécklech.

Mir heieren eis 💚

Fabienne

Adresse

Schengen

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Natierlech mam Fabienne publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager