Kierperatelier

Kierperatelier Fir eis steet den "Ech" fir vill méi wéi nëmmen eise Kierper. Et ass een Zesummespill vun allem!

Mir bidden Workshops, Berodung, Coaching an Ënnerstëtzung an all Liewenslag un.

Loscht op e klenge Vitamin-Check? Da komm laanscht um Salon du Bien-Être zu Iechternach an der Jugendherberg. Hei kënne ...
14/06/2026

Loscht op e klenge Vitamin-Check? Da komm laanscht um Salon du Bien-Être zu Iechternach an der Jugendherberg.
Hei kënne mer testen wou et Dysbalancen am Kierper ginn.

De Life Puzzle erklärt ganz gutt wei eist Ënnerbewosstsinn funktionéiert a wisou mir déi Verhalensweisen hunn déi mer hu...
14/06/2026

De Life Puzzle erklärt ganz gutt wei eist Ënnerbewosstsinn funktionéiert a wisou mir déi Verhalensweisen hunn déi mer hunn. Et mecht eis eis Strategien bewosst op déi mer an den verschiddensten Situatiounen zréckgräifen an kann Erklärungen opweisen watfireng Bedürfnisser net erfëllt sinn a watfireng onbewosst Ängschten mer hunn. Dat ass dann och eng Erklärung wisou mer sou reagéieren an net anescht.

ℝ𝕖𝕤𝕚𝕝𝕚𝕖𝕟𝕫𝕥𝕣𝕒𝕚𝕟𝕚𝕟𝕘 𝕗𝕚𝕣 𝔼𝕣𝕨𝕦𝕖𝕤𝕤𝕖𝕟𝕖𝕣 🌿Falls du op der Sich no gudde Virsätz fir dat neit Joer bass, da bidde mir dir hei d'...
11/12/2025

ℝ𝕖𝕤𝕚𝕝𝕚𝕖𝕟𝕫𝕥𝕣𝕒𝕚𝕟𝕚𝕟𝕘 𝕗𝕚𝕣 𝔼𝕣𝕨𝕦𝕖𝕤𝕤𝕖𝕟𝕖𝕣 🌿

Falls du op der Sich no gudde Virsätz fir dat neit Joer bass, da bidde mir dir hei d'Chance fir eppes an dengem Liewen ze veränneren an dech fir dech selwer staark ze maachen.

Heiansdo ass d'Liewe schwéier - an dat ass okay. D'Kraaft erëm opzestoe wann een um Buedem läit stécht an dir a mir wäerten dech dobäi begleeden, déng ënnerlech Rou a Stäerkt erëmzefannen. Mat klenge Schrëtt, vill Empathie a Raum fir dech selwer.

Fir dass du dat neit Joer gestäerkt kanns ugoen hale mir nees ee Resilienztraining fir Erwuessener an der Manukultura zu Useldeng. Du hues d'Wiel tëscht engem komplette Workshop-Weekend oder der Opdeelung op 4 méi kuerz Moienter.

Méi Infos op 👉https://www.kierperatelier.lu/general-8 👈

Sou wéi den Himmel demoie gebrannt huet, sou brennen mir och fir eis Arbecht am Kierperatelier. Mir bidde scho méi laang...
23/11/2025

Sou wéi den Himmel demoie gebrannt huet, sou brennen mir och fir eis Arbecht am Kierperatelier. Mir bidde scho méi laang Hypnose un, mä lo maache mir dat zu zwee. Hypnose kann d’Leit a sou ville Beräicher virubrengen. An et ass eng Arbecht déi immens wertvoll ass, wann een bereed ass sech op de Wee ze maachen, seng Ziler a seng Erausfuederungen unzegoen. An nee, et huet absolut näischt mat Showhypnose ze dinn wou een sech op enger Bühn zum Aaf mecht. Et ass eng Begleedung an ee siche goen vu Ressourcen an Äntwerten an nach sou villes méi.
Ee grousse Merci un den Alain Wolff vun Hypnosis Institute fir seng super Ënnerstëtzung als Trainer🥳

05/07/2025

Nierft dem Spaassfaktor hëlleft Ball-A-Vis-X bei Theme wéi Gläichgewiicht, Rhythmik a Konzentratioun. Et léist sech gutt asetzen fir d'Fähegkeet sech Saachen ze mierken ze stäerken. Fléissend Aaenbewegungen, Gehierintegratioun a Koordinatioun vum ganze Kierper gi gestäerkt, wann ee regelméisseg mat de Bäll schafft.

Do si mir 😄 Kommt haut a muer an der Fuussekaul laanscht a maacht eppes fir Iech selwer 🧘‍♀️
05/07/2025

Do si mir 😄 Kommt haut a muer an der Fuussekaul laanscht a maacht eppes fir Iech selwer 🧘‍♀️

🍀🌈🏃‍♀️

D’Üben mat der ‚Liegenden Acht‘ fördert d‘Aaen-Hand-Koordinatioun, d‘Konzentratioun an och fléissend Aaenbeweegungen. Au...
05/07/2025

D’Üben mat der ‚Liegenden Acht‘ fördert d‘Aaen-Hand-Koordinatioun, d‘Konzentratioun an och fléissend Aaenbeweegungen. Ausserdem ënnerstëtzt se d‘Gehierintegratioun andeems se d‘Verbindungen tëscht béide Gehierhallschenten stäerkt. Kommt laanscht a probéiert et aus!

Fannt de Kierperatelier nächste Weekend zu Heischent an der Fuussekaul um Salon du Bien-Être Alternatif, dat samsdes a s...
29/06/2025

Fannt de Kierperatelier nächste Weekend zu Heischent an der Fuussekaul um Salon du Bien-Être Alternatif, dat samsdes a sonndes ëmmer vun 10:00-18:00!

Léiert eis an d’Offer vum Kierperatelier kennen a profitéiert vum Moment fir z.B. d’Bioresonanz, eng Stressreduktioun oder Bal-A-Vis-X auszeprobéieren.

Kommt gär laanscht a schwätzt eis un, mir freeën eis elo schonn!

See you there ⬇️
23/06/2025

See you there ⬇️

🗓 Du bass um Workshop interesséiert, awer et passt net perfekt mam Datum? Kee Problem! Schreif eis eng Noricht a mir kuc...
22/04/2025

🗓 Du bass um Workshop interesséiert, awer et passt net perfekt mam Datum?
Kee Problem! Schreif eis eng Noricht a mir kucken, ob mir et fir dech passend gemaa kréien. Wann's du emol op engem Moien net kanns dobäi sinn, da siche mir een aneren Dag.

💸 Du bass onsécher, well de Workshop 430€ kascht? Dat kënne mir absolut novollzéien! Hei ee klengen Abléck:
Dat si 35,83€/Stonn, wou mir zu maximal 5 Leit am klenge Grupp individuell kënnen op all Participant mat sengen Themen agoen. Dat ass eng eemoleg Geleeënheet fir mat professioneller Ënnerstëtzung op sech ze kucken a sech Raum ze ginn. Déi jorelaang Erfarung an Ausbildunge vun der Workshop-Leedung souwéi déi individuell Betreiung iwwert WhatsApp ronnen dee ganze Package of. Am Präis mat dran ass ausserdeem nach d'Dokumentatioun, eng kleng Verpfleegung sur place sou wéi d'Locatioun vun deem wonnerschéine Raum am Kolibri zu Steesel.

😎Motivéiert? Nach Froen? Da mell dech bei eis 🙂

Adresse

Beckerich

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Kierperatelier publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager