23/08/2026
🇹🇭 Thailand – zesummen reesen, erliewen a genéissen 🌴☀️
Du wollts schon ëmmer emol Thailand entdecken, hues awer bis elo net déi passend Begleedung fonnt? Oder ass esou eng wäit Rees eleng fir dech e bëssen ze vill onsécher?
Am Mäerz 2027 gëtt et eng ganz besonnesch Geleeënheet: Am Kader vu mengem Thai-Nuad-Cours fir Therapeute wäert ech mat enger Grupp am Thai Life Resort zu Khao Lak sinn an du kanns dech als Vakanzen-Gaascht eiser Reesgrupp uschléissen. ❤️
Während Therapeuten an der Fortbildung sin, kënnen eis Vakanzen-Gäscht Thailand ganz entspaant genéissen. Gemeinsam Ausflich maachen, lokal Mäert besichen, d’Land an d’Kultur entdecken oder einfach schéin Deeg um Strand verbréngen.
🌺 Wat dech erwaart:
- entspaanten Deeg am wonnerschéinen Thai Life Resort
- Ausflich an Aktivitéiten
- thailännesch Mäert a lokal Kultur
- professionell Thai-Massagen am Resort
- Moiesritual mat Bewegung, Stretching, Achtsamkeit an geféierter Méditatioun
- Strand, Sonn a Mier
- gesond Iessen
- Zäit fir ofzeschalten an nei Energie ze tanken
- eng flott Grupp, sou datt s du net eleng reese muss
Besonnesch wanns du bis elo wéinst der Sprooch, der grousser Distanz oder der Angscht, an engem frieme Land eleng eens ze ginn, gezéckt hues, kéint dës Rees eng wonnerbar Méiglechkeet fir dech sinn. Du rees net eleng, mee hues schonn eng Grupp a bekannte Kontaktpersounen op der Plaz.
An natierlech muss du net un all Aktivitéit deelhuelen, du kanns Thailand och ganz an dengem eegenen Tempo genéissen. 🌴
Vläicht ass elo de richtege Moment, fir dir däin Thailand-Draam ze erfëllen. 🇹🇭✨
Wanns du Interessi hues oder méi Informatiounen iwwer d’Rees, d'Fliig vun Lëtzebuerg, den genauen Datum, de Resort, déi geplangten Aktivitéiten an d’Méiglechkeeten op der Plaz wëlls, mell dech einfach perséinlech bei mir. Mail un [email protected]
Ech géif mech freeën, wa mir am Mäerz zesummen e Stéck Thailand entdecke kënnen! ❤️