31/03/2026
Ech si mega frou, iech matzedeelen, dass ech endlech mäin Zertifikat kritt hunn an elo offiziell eng Fachkraft fir deierengestützt Interventiounen sinn 🐾✨
Dat bedeit, dass ech an Zukunft Psychomotorik um Glécksbierg ubidde kann. Zesumme mat eisen Déieren kann ech dann endlech Mënschen op eng ganz besonnesch a feinfühleg Aart a Weis begleeden.
Ech freeë mech immens op dat, wat kënnt, an op all déi schéi Begéinungen déi wärten um Glécksbierg stattfannen💛