Find Yourself - psychologesch Berodung

Find Yourself - psychologesch Berodung Däin Wee an e glécklecht Liewen
------------------
psychologesch Berodung
somatesch Traumaintegratioun
transgenerationell Trauma-Aarbescht
Entspaanung

Däi Wee zu Dir selwer💜 Et ass ok, Hëllef unzehuelen.Wann's Du Dir méi Rou, Kloerheet a Stabilitéit an Dengem Liewe wënsc...
28/07/2026

Däi Wee zu Dir selwer

💜 Et ass ok, Hëllef unzehuelen.

Wann's Du Dir méi Rou, Kloerheet a Stabilitéit an Dengem Liewe wënschs, begleeden ech Dech op Dengem perséinleche Wee – individuell, wäertschätzend an op Aenhéicht.

✨ Kloerheet gewannen
✨ Déi bannescht Balance stäerken
✨ Nei Perspektiven entdecken

Mat engem uechtsamen a kierperorientéierten Usaz ënnerstëtzen ech Dech dobäi, méi Rou, Sécherheet a Verbindung mat Dir selwer ze fannen – Schratt fir Schratt, an Dengem eegenen Tempo.

Heelung bedeit net, datt alles verschwënnt.
Heelung ka bedeiten, datt s Du Dech nees méi sécher an Dir selwer fills an erëm bei Dir ukënns.

🌿 Find Yourself – Däi Wee zu Dir selwer.

























15/07/2026

🇱🇺 Mir invitéieren Iech op eng Table Ronde zum Thema

Trauer no engem Suizid

den 13. Oktober 2026 am Centre Barblé zu Strossen.

fräien entrée

🇫🇷 Nous vous invitons à une table ronde consacrée au

Deuil après un Su***de

le 13 octobre 2026 au Centre Barblé à Strassen.

entrée libre

Wéini genau soll een eigentlech mierken, dass een ausgebrannt ass, wann een als Elengerzéienden just nach funktionéiert?...
11/06/2026

Wéini genau soll een eigentlech mierken, dass een ausgebrannt ass, wann een als Elengerzéienden just nach funktionéiert?

Tëscht Wecker, Schoulsak packen, Aarbecht, Haushalt, RDV'e, Hausaufgaben, Bierger vu Wäsch an dausende kleng a grouss Suerge bleift kaum Zäit fir duerchzeootmen. Et ass ee stänneg gefrot, stänneg verantwortlech a stänneg erreechbar.

Mee iergendwann schéckt de Kierper Signaler:
👉 Permanent Middegkeet
👉 Iwwerreizt
👉 Konzentratiounsproblemer
👉 Dat Gefill nëmmen nach ze funktionéiere
👉 Kraaftreserve méi ze hunn
👉 keng Freed méi u Saachen, déi engem fréier Spaass gemaach hunn

Als Eltere wëlle mir fir eis Kanner do sinn. Mee mir dierfen dobäi eppes net vergiessen: Och mir hu Bedierfnisser, Grenzen a Rescht ob Rou.

Kanner brauchen net nëmme Léift, Opmierksamkeet a Kontakt. Si brauchen och kloer Grenzen. Si musse léieren, dass Mamma a Pappa net zu all Sekonn verfügbar sinn. Dass Erwuessener och mol eng Paus brauchen. Dass een "Elo net" keen Entzuch vu Léift ass, mee Selbstfürsorg.


Es ass vollkommen an der Rei ze soen:

❤️ „Ech brauch elo 15 Minutte fir mech."
❤️ „W.e.g. beschäfteg dech kuerz eleng.“
❤️ „Dariwwer kenne mir gläich schwätzen.“
❤️ „Ech si grad midd a brauch einfach e bëssche meng Rou."

Domat brénge mir eise Kanner eppes Wäertvolles bei: Respekt fir déi eege Grenzen an d'Grenze vu vun anere Mënsche.

Hëllef unzehuelen, Aufgaben ofzeginn an awer och de Kanner altersgerecht Aufgaben ze iwwerdroen ass keen Zeeche vu Schwächt. Et ass noutwendeg, domat mir laangfristeg gesond bleiwen.

An heiansdo ass déi wichtegst Erkenntnis: Gutt Eltere mussen net permanent funktionéieren. Si dierfen no sech selwer kucken.

❤️ Un all Elengerzéiend: Dir musst net alles eleng droen. Dir dierft Grenze setzen.

W.e.g. fleisseg deelen🙏😊
10/06/2026

W.e.g. fleisseg deelen🙏😊

🍀 E puer flott Saachen an aus der Praxis sichen en neie Besëtzer. Divers Bicher zu Themen Naturheilkunde, Psychologie, S...
09/06/2026

🍀 E puer flott Saachen an aus der Praxis sichen en neie Besëtzer. Divers Bicher zu Themen Naturheilkunde, Psychologie, Spiritualitéit sinn och ob der Sich no engem neien Doheem.🍀

🌸 Präisser stinn ënnert de Fotoen. Fir Lëscht vun der Bicher kanns Du einfach "Bicher" a Kommentare schreiwe, ech schécken Dir Lëscht dann iwwer PN zou.

🌸 D'Saache kennen och ob Oppräis verschéckt ginn.

08/06/2026

🌸Wann alles ze fill ass, däerf et e Wee ginn, deen Dir Däin Liewe rëm méi liicht mécht🌸

🌸Find Yourself - Däin Wee (zréck) zu Dir selwer

🌷Vläit kenns Du dat Gefill:
- Däin Kapp hält net ob mat iwwerlee'e
- Däin Kierper steet stänneg ënner Uspanung
- Du fills Dech just nach midd
- Däin Häerz schléit ze schnell, ouni dass iergendeen reale Grond dofir do ass

🌷Stress, Ängscht a belaaschtend Erliefnisser kennen eis dat Gefill ginn, d'Kontroll ze verléieren - iwwer eis Gedanken, eise Kierper, eist Liewen.

🌸 Find Yourslef begleet Dech afillsam bei:
- Unhalendem Stress a Erschëpfung
- Ängschten a banneschter Onrou
- verschaffe vu belaaschtenden Erliefnisser vun der Kandheet bis elo

🌸Verschidden Erliefnisser setzen déif. Méi déif, wéi se mat Wieder ze erfaasse sinn. Si weisen sech am Kierper - a Uspanung, Réckzuch, Iwwerfuerderung

🌷Duech den uechtsame, kierperorientéierte Usaz ënnerstëtze Find Youself Däin Nervesystem dobäi, erëm Sécherheet ze erliewen. Schratt fir Schratt an Dengem eegenem Tempo
🌸Heelung bedeit net dass alles verschwënnt

Heelung bedeit, dass du dech rëm sécher an dir selwer fillen a bei dir ukommen däerfs.

Däin Wee an e glécklecht Liewen
------------------
psychologesch Berodung
somatesch Traumaintegratioun
transgenerationell Trauma-Aarbescht
Entspaanung

03/06/2026

✨ Fill's Du Dech vun Dengen Gedanken, Emotioun an Dengem Alldag iwwerwälteg?

🌿Entdeck elo inspiréierend E-Books vu Find Yourself fir méi Kloerheet, bannescht Balance a perséinleche Wuesstum

📖 Theme wéi:
✅ Perséinlechkeetsentwécklung
✅ Uechtsamkeet & bannescht Rou
✅ Trauma
✅ besser Liewe mat chroneschem Wéi
✅ Gedankenkarussell stoppen
✅ Entspaant Liewen an (Patchwork-) Familljen
✅ vill praktesch Übunge fir Däin Alldag

Ob klassescht E-Buch oder Workbook, all E-Book begleet Dech Schratt fir Schratt ob Dengem Wee.

💫 Start nach haut Deng Rees zu dir selwer

👉 Entdeck elo: https://www.findyourself-mind-spirit.com/shop/e-books/

Däin Wee an e glécklecht Liewen
------------------
psychologesch Berodung
somatesch Traumaintegratioun
transgenerationell Trauma-Aarbescht
Entspaanung

Adresse

Colmar
7732

Heures d'ouverture

Lundi 13:30 - 20:00
Mardi 13:30 - 20:00
Mercredi 13:30 - 20:00
Jeudi 13:30 - 20:00
Vendredi 10:00 - 17:00
Samedi 09:30 - 12:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Find Yourself - psychologesch Berodung publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Find Yourself - psychologesch Berodung:

Raccourcis

Partager