Laure Baumann Hiewannepraxis Liewensbam/Hiewannebuttik Liewensbam

Laure Baumann Hiewannepraxis Liewensbam/Hiewannebuttik Liewensbam Consultatiounen virun/no der Gebuert
Droberodung
Therapeutesch Fraemassage
Shop fir Nohalteg Produiten an Aromatherapie

Ech sin d'Laure Baumann, Hiewan zenter 2010, an schaffen komplett selbstänneg. Ech bidden a menger Praxis Consultatiounen firun der Gebuert un, Virbereedungskuren am Grupp, Betreiiung bei der Hausgebuert, Wochebettbetreiuung doheem a Consultatiounen no der Gebuert an der Praxis. Ausserdem bidden ech therapeutesch Fraëmassage an Droberodungen un. Ech sin selwer Mamm fun drei wonnerbare Kanner.

15/08/2026

Sonndeg 6. September vun 10:00 bis 18:00 Auer : Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach beim Schoulcampus "Am Weier". Léiert eis Austeller kennen : Hiewannebuttik Liewensbam mat selwer produzeiert Stoffbinden mat Made in Luxembourg Logo seit Juni 2026 -
Aromtherapie an Naturkosmetik - Nohaltegt Material fir d'ganz Famill
Laure Baumann Hiewannepraxis Liewensbam/Hiewannebuttik Liewensbam
Bei der Ouverture ass d’Daaf vun enger Rous op de Numm “AERENZDALL LUCKY RED” mat Patrimoine Roses Luxembourg asbl
Mëttesgiessen vu 12:00-14:00 Auer op Bestellung um Tel 83 71 86 oder iwwert www.medernach.info:
* Fierkelshämmchen mat Sauermous an Gromperen (25,00 euro)
Et gëtt och e Grill vun de Mëllerdaller Produzenten, Fritten mat dem Club des Jeunes Aerenzdall, Eisekuchen vun den Eppelduerfer a genuch ze schmaachen op de Stänn.

14.30 Auer: Musikalesche Kader mam Duo Lisa a Rol
Als flotten Extra : Sprangschlass & Sand-Spill-Raum fir Kanner

☀️ Ech sinn an der Vakanz! 🌴💛Vum 15. August bis den 6. September ass d'Praxis zou. 🤰 Fir d’Fraen:Ech bleiwen och an der ...
08/08/2026

☀️ Ech sinn an der Vakanz! 🌴💛

Vum 15. August bis den 6. September ass d'Praxis zou.

🤰 Fir d’Fraen:
Ech bleiwen och an der Vakanz per WhatsApp oder E-Mail fir urgent Messagen oder Neiufroen erreechbar.

🛍️ Fir de Buttik:
Vum 15. bis den 26. August sinn keng Liwwerungen méiglech.

Ab dem 7. September sinn ech erëm mat neier Energie fir iech do. 🌿💛

Merci fir äert Verständnis a genéisst och déi schéin Summerdeeg! ☀️🌊

☀️ Je serai en vacances ! 🌴💛

Du 15 août au 6 septembre, le cabinet de sage-femme sera fermé.

🤰 Pour les femmes que j’accompagne :
Je resterai joignable pendant mes vacances par WhatsApp ou par e-mail pour vos messages urgents ou des nouvelles demandes.

🛍️ Pour la boutique :
Aucune livraison ne sera possible du 15 au 26 août.

À partir du 7 septembre, je serai de retour, reposée et pleine d’énergie pour vous retrouver. 🌿💛

Merci pour votre compréhension et profitez vous aussi pleinement de l’été ! ☀️🌊

💚 Fir de gudden Zweck 💚Ech hunn nohalteg Abschminkpads mat vill Léift selwer gebitzt. 🌿Dir kënnt se a mengem Shop kafen:...
30/07/2026

💚 Fir de gudden Zweck 💚

Ech hunn nohalteg Abschminkpads mat vill Léift selwer gebitzt. 🌿

Dir kënnt se a mengem Shop kafen:
www.liewensbam.lu

✨ De komplette Erléis geet integral un den Télévie 2027 – Zenter Ärenzdallgemeng.

💶 3 € pro Stéck oder gitt einfach dat, wat Dir gär wëllt spenden.

Mat all Pad ënnerstëtzt Dir d'Fuerschung géint Kriibs an hëlleft eng gutt Saach ze ënnerstëtzen.

Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung! ❤️

💚 Pour la bonne cause 💚

J'ai confectionné avec beaucoup de soin des lingettes démaquillantes réutilisables. 🌿

Vous pouvez les acheter dans ma boutique :
www.liewensbam.lu

✨ L'intégralité des bénéfices sera reversée au Télévie 2027 – Centre Vallée de l'Ernz

💶 3 € la pièce, ou donnez le montant que vous souhaitez.

Chaque lingette contribue à soutenir la recherche contre le cancer et une belle cause.

Merci de tout cœur pour votre soutien ! ❤️
Télévie

Ech maachen eng Bestellung bei Girasol Berlin ween eppes well matbestellen dierf dat ganz gären an mir iwer WhatsApp 621...
28/07/2026

Ech maachen eng Bestellung bei Girasol Berlin ween eppes well matbestellen dierf dat ganz gären an mir iwer WhatsApp 621 232 859 schreiwen 💕

🌿 KLENG. LOKAL. NOHALTEG. 💚Hannert all klengt Geschäft steet e Mënsch, eng Iddi a ganz vill Häerzblutt. Wann Dir lokal a...
26/07/2026

🌿 KLENG. LOKAL. NOHALTEG. 💚

Hannert all klengt Geschäft steet e Mënsch, eng Iddi a ganz vill Häerzblutt. Wann Dir lokal akaaft, ënnerstëtzt Dir net nëmmen e Produit, mee och e klengt Geschäft, eng Visioun an en Dram. 🫶

Mat menger nohalteger Menstruatiounshygiene wëll ech weisen, datt bewosste Konsum, Nohaltegkeet an d'Ënnerstëtzung vu lokale Betriber wonnerbar zesumme passen. 🌱

Made in Luxembourg – e Symbol fir Qualitéit, Proximitéit a Verantwortung.

All Akaaf bei engem klenge lokale Betrib ass e klengt Zeechen:
Ech gesinn iech. Ech ënnerstëtzen iech. Ech gleewen un iech. 💚

E grousse Merci un all déi, déi sech bewosst fir kleng Betriber, nohalteg Produiten an e méi respektvollen Ëmgang mat eiser Ëmwelt entscheeden. 🌍✨

Bei klenge Geschäfter akaafen. Lokal ënnerstëtzen. Nohalteg liewen. 💚

Léif Clienten,Ech wëll Iech informéieren, datt meng Websäit  www.liewensbam.lu viru kuerzem Affer vun enger Cyberattack ...
22/07/2026

Léif Clienten,

Ech wëll Iech informéieren, datt meng Websäit www.liewensbam.lu viru kuerzem Affer vun enger Cyberattack op d'WordPress-Installatioun gouf.

Soubal den Tëschefall festgestallt gouf, sinn direkt déi néideg Sécherheetsmoossname geholl ginn an d'Situatioun gouf analyséiert. Et kann awer net komplett ausgeschloss ginn, datt verschidden Donnéeën (z. B. Kontaktdonnéeën) vun Drëtten ugekuckt oder kopéiert goufen. No dem aktuelle Kenntnisstand sinn keng Passwierder oder sensibel Bezuelinformatioune betraff.

Eng Plainte bei der Police gouf agereecht. Zousätzlech goufen d'CNPD (Commission nationale pour la protection des données) an CIRCL (Computer Incident Response Center Luxembourg) iwwer den Tëschefall informéiert. No den aktuelle Erkenntnisser handelt et sech ëm eng weltwäit Attackewell géint vill WordPress-Websäiten an net ëm en gezielten Ugrëff op Liewensbam eleng.

Ech bieden Iech dofir ëm Virsiicht: Sollt Dir an den nächste Wochen eng E-Mail, eng Noriicht oder eng aner Ufro kréien, déi vermeintlech vu Liewensbam kënnt an Iech ongewéinlech virkënnt, da klickt w.e.g. net op Linken, maacht keng Attachmente op a reagéiert net dorop. Am Zweiwelsfall kontaktéiert mech direkt iwwer meng offiziell Kontaktméiglechkeeten ([email protected]).

De Moien ass eng Info-Email un all Client'en rausgaang.
Ech bedaueren dësen Tëschefall a versécheren Iech, datt ech zesumme mat mengen technesche Partneren all néideg Schrëtt ënnerhuelen, fir d'Sécherheet vun der Websäit weider ze stäerken an esou Virfäll an Zukunft ze verhënneren.

Merci fir Äert Vertrauen an Äert Versteesdemech.

Mat beschte Gréiss,
Laure Baumann
Hiewannebuttik Liewensbam
www.liewensbam.lu
­
Chers clients,

Je souhaite vous informer que mon site internet www.liewensbam.lu a récemment été victime d'une cyberattaque ciblant son installation WordPress.

Dès la découverte de cet incident, les mesures de sécurité nécessaires ont été immédiatement mises en œuvre et une analyse approfondie de la situation a été réalisée. À ce stade, je ne peux toutefois pas exclure qu'un accès non autorisé à certaines données (par exemple des coordonnées de contact) ait eu lieu. Selon les informations dont je dispose actuellement, aucun mot de passe ni aucune donnée sensible de paiement n'ont été compromis.

Une plainte a été déposée auprès de la Police. Par ailleurs, la CNPD (Commission nationale pour la protection des données) ainsi que le CIRCL (Computer Incident Response Center Luxembourg) ont été informés de cet incident. Les éléments actuellement disponibles indiquent qu'il s'agit d'une campagne mondiale d'attaques visant de nombreux sites WordPress, et non d'une attaque ciblée contre le seul site de Liewensbam.

Par mesure de précaution, je vous invite à rester vigilants. Si vous recevez dans les prochaines semaines un e-mail, un message ou toute autre communication semblant provenir de Liewensbam et vous paraissant inhabituelle, je vous recommande de ne pas cliquer sur les liens, de ne pas ouvrir les pièces jointes et de ne pas y répondre. En cas de doute, veuillez me contacter directement par mes moyens de communication habituels ([email protected]).

Un mail d'information a été envoyé ce matin à tous les clients.
Je regrette sincèrement cet incident et mets tout en œuvre, avec mes partenaires techniques, pour renforcer la sécurité de mon site et prévenir toute situation similaire à l'avenir.

Je vous remercie de votre confiance et de votre compréhension.

Cordialement,
Laure Baumann
Hiewannebuttik Liewensbam
www.liewensbam.lu

Weg deelen
15/07/2026

Weg deelen

🤰 Fortbildung: Komplexseminaire fir d'Schwangerenbetreiung

Sidd Dir Hiewan, Gynäkolog oder Gynäkologin a wëllt Äert Wëssen an der Schwangerenbetreiung verdéiwen? Da verpasst dës wäertvoll Fortbildung net!

👨‍🏫 Mat dem Prof. Dr. Sven Hildebrandt
Professer fir Gynäkologie an Gebuertshëllef op der Hochschule Fulda (Däitschland)

📅 7. & 8. Oktober 2026
📍 Hazelnut House 5 Maison, Girsterklaus (Rosport-Mompach)

Während dësen zwee Deeg kritt Dir e fundéiert Grondwëssen iwwer:
✨ D'Betreiung vun enger normal verlafender Schwangerschaft
✨ Anamnese, kierperlech Ënnersichung a Berodung
✨ Schwangerschaftsbeschwerden a Schwangerschaftserkrankungen
✨ Infektiounen an der Schwangerschaft
✨ Juristesch Grondlagen an speziell Betreiungssituatiounen

💶 Präis:
• 390 € fir ALSF-Memberen (inkl. Verfleegung)
• 440 € fir Net-Memberen (inkl. Verfleegung)

👥 D'Participatioun ass op 30 Persoune limitéiert.

🗓️ Umeldeschluss: 1. Oktober 2026

➡️ Mellt Iech elo un:
https://forms.office.com/r/M04y9JG1gH?origin=lprLink

Mir freeën eis drop, Iech bei dëser spannender Fortbildung begréissen ze kënnen! 💜

Et ginn News 💪🏻
08/07/2026

Et ginn News 💪🏻

No ville Joren Verhandlungen komme mir rem e Steck firun:

📢 Nei Nomenclature fir fräiberufflech Hiewannen ab dem 1. September 2026
Et gëtt wichteg Ännerungen an der Nomenclature vun den Hiewannen:
✅ Opwäertung vun de Virbereedungscoursen op d'Gebuert.
✅ Neie Code VSF65 fir spezifesch Interventiounen am Postpartum oder wärend der Stëllzäit (op medezinescher Ordonnance: am Fall vun Prématurité/Gewiichtsproblemer beim Puppelchen/Mëllechstau bei der Mamm).
✅ Nei Prestatioune VSF73 an VSF74 fir d'Begleedung bei Stëll- oder Ernierungsschwieregkeete vu Kanner tëscht 9 Méint a manner wéi 2 Joer.
✅ Vereinfachung vun der Nomenclature duerch d'Sträiche vun den "Tarifs spéciaux" an den ale Bemierkungen, doduerch fällt d’Ordonnance fir d’Bereiuung am Wochebett wesch an d’Hiewanne gewannen un Autonomie.
📅 A Kraaft ab dem 1. September 2026.

📢 Nouvelle nomenclature des sages-femmes à partir du 1er septembre 2026
Plusieurs évolutions importantes entrent en vigueur :
✔️ Revalorisation des séances de préparation à la naissance.
✔️ Création du nouveau code VSF65 pour certaines interventions post-partum ou pendant l'allaitement (sur ordonnance médicale : en cas de prématurité/insuffisance pondérale/engorgement)
✔️ Introduction des codes VSF73 et VSF74 pour l'accompagnement des difficultés d'allaitement ou d'alimentation des enfants de 9 mois à moins de 2 ans.
✔️ Simplification de la nomenclature avec la suppression des anciennes rubriques « Tarifs spéciaux » et « Remarques », l’ordonnance pour la primipare est enlevé, les sages-femmes gagnent en autonomie.
📅 Application à partir du 1er septembre 2026.


https://legilux.public.lu/filestore/eli/etat/leg/rgd/2026/06/30/a318/jo/fr/html/eli-etat-leg-rgd-2026-06-30-a318-jo-fr-html.html

✨ **Nei am Hiewannebuttik Liewensbam** ✨Ech freeë mech inmens, meng éischt Liwerung vun der Münchener Waschkultur ass uk...
06/07/2026

✨ **Nei am Hiewannebuttik Liewensbam** ✨

Ech freeë mech inmens, meng éischt Liwerung vun der Münchener Waschkultur ass ukomm! 🌿🫧

Mat vill Léift an Handaarbecht hiergestallt, iwwerzeegen dës wonnerbar Seefen net nëmme mat hirer Qualitéit, mee virun allem mat hirem herrlechen Doft.
💛 E richtege Genoss fir Hänn, Kierper a Séil!

Sicht Dir nach eng léif Opmierksamkeet? 🎁
Dës Produite sinn och eng wonnerbar Kaddosiddi fir Léierpersonal als Merci zum Schoulofschloss.

Kommt laanscht a loosst Iech verzauberen! ✨

🌐www.liewensbam.lu

Ech hu ganz vill nei Produiten kritt a mengem Shop vun de Stëllmuschelen a Wetbags bis zu den mageschen Toverlux Luuchte...
04/07/2026

Ech hu ganz vill nei Produiten kritt a mengem Shop vun de Stëllmuschelen a Wetbags bis zu den mageschen Toverlux Luuchten kommt laanscht a mein Shop luussen www.liewensbam.lu oder op Rdv laanscht 💞
WhatsApp 621 232 859

Adresse

Rue Kriibsebaach 3
Eppeldorf
9365

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Laure Baumann Hiewannepraxis Liewensbam/Hiewannebuttik Liewensbam publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Laure Baumann Hiewannepraxis Liewensbam/Hiewannebuttik Liewensbam:

Raccourcis

Partager