22/07/2026
Du funktionéiers, du këmmers dech ëm alles a jiddereen, du häls alles zesummen an iergendwann denks du, du wiers einfach net belaaschtbar genuch.
Dobäi ass dat eng vun de gréisste Ligen iwwerhaapt. Mir mengen ëmmer, mir wieren de Feeler. Mir hu vu klengem u geléiert ze funktionéieren an ofzeliwweren. An iergendwann seet däi Kierper ‚Stopp Maischen, wanns du sou weider mëss, knalle mir riicht an d‘Mauer. An ier dat geschitt, dréinen ech den Energiekrunm mol massiv zou!‘.
Du funktionéiers no bausse weider, mee bannendra fillt et sech eidel un. Du mëss, du dees an hëtz duerch däin Alldag. Mee soubal de Canapé owes a Siicht ass, kipps du zesummen a fills dech schwéier. Esouguer di klengsten Ustrengung fillt sech un, wéi d‘Erklamme vum Mount Everest.
Een Nervesystem dee säit Éiwegkeeten am Iwerliewensmodus hänkt, probéiert net dech kleng ze halen, mee dech ze schützen. Wat mir genervt als ‚ech kréien näischt hin‘ ofdinn ass a Wierklechkeet ee System de probéiert dech virum komplette Kollaps ze schützen.
Mee di gutt Noricht ass : et gëtt ee Wee do raus. Ee Wee, den net iwwert de Kapp geet, mee iwwert de Kierper.
Wann däi Kierper rëm Halt a Sécherheet empfënnt, otemt en op a fënnt rëm zu ënnerer Rou. Dann kann en op emol rëm entspanen, dann hält d’Gedankekarussel op mat dréinen, dann empfënns du rëm Freed um Liewen …
Genau dowéinst hunn ech een Online Cours entwéckelt : „Bye Bye Survival, Hello Happiness“ ass eng Begleedung zréck an däi Kierper. Fir dass däi Kierper sech rëm wéi däin Doheem ufillt.
Et geet hei net drëm, waats du alles besser maache muss, mee ëm d‘Verbindung zu dengem Kierper. Ëm di kleng Stellschrauwen un deene mir am Alldag däerfen dréinen, déi sou massiv vill verännere kënnen.
Well Verännerung ass net schwéier. Wann mir op där richteger Plaz usetzen, ass Verännerung esouguer erstaunlech einfach. Mir dinn eis just oft immens schwéier, well mir am Käppi hänke bleiwen an alles duerch analyséieren. An genau do setzt „Bye Bye Survival, Hello Happiness“ un. En hëlt dech aus dem Kapp rëm zréck an de Kierper. Do wou deng Liewensfreed just drop waart, befreit ze ginn ♥️
Wann lo alles an dir jaitzt ‚dat do brauch ech‘ , fënns du de Link zum Cours am éischte Kommentar.
Iwwer 6 Woche ginn all Daag nei Inhalter fräigeschalt, fir däi System net schonn erëm an di nächst Iwwerfuerderung zu katapultéieren. Du kanns en awer komplett an dengem Rhythmus maachen an d‘Inhalter stinn dir op éiweg zur Verfügung 💌
Ech freeë mech iwwer jiddereen, dee säi Liewen an d‘Hand hëlt a rëm mat engem Laachen am Gesiicht duerch d‘Liewe leeft.
🪷 De Kierper als Schlëssel zu méi Balance an dengem Liewen
💆♀️ Rebalancing Tiefengewebsmassage & Nervesystem-Regulatioun
📍Fouhren & Ettelbréck
💌 Rdv iwer meng Homepage oder iwer WA