03/08/2026
🐶 SSBI Aluminium-Hondstransportboxen ze verkafen 🚐
Well ech mir méi e kléngen Auto kaf hunn, verkafen ech mäin héichwäertegen SSBI-Hondstransportboxen-Ausbau vun 2021, deen aktuell nach a mengem Renault Trafic Grand Passenger L2 (Bj: 2020) am Asaz ass.
D’Boxe goufen ëmmer mat vill Suergfalt benotzt a si sinn trotz normale Gebrauchsspueren an engem gudden, voll funktionstüchtegen Zoustand.
📏 Moossen
🔹 Ënnescht Doppelbox
• 121 cm Breet × 100 cm Déift × 70 cm Héicht
🔹 Iewescht 3er-Box
• 155 cm Breet × 100 cm Déift × 59 cm Héicht
✅ Ausstattungsdetailer
✔️ 5 Boxen (2 ënnen + 3 uewen)
✔️ Riicht Boxen ouni Schräg hannen, maximal Notzung vum Raum
✔️ Noutausgang no hannen
✔️ Eraushuelbar Trennwänn tëscht all eenzel Box
✔️ Ofschléissbar an eraushängbar Dieren
✔️ Gumméiert Biedem
✔️ All Schlässer si gläichschléissend
✔️ Héichwäerteg Aluminium-Konstruktioun (keen Holz, keng Nieten, keng verschweeßte Verbindungen)
💡 Besonnesch praktesch: Déi zwee Boxebléck si matenee verschrauft, kënnen awer einfach getrennt ginn an och eenzel benotzt ginn.
D’Boxe sinn ideal fir Dogwalker, Hondsschoulen, Ziichter oder Privatlait mat méi Hënn, déi eng sécher, robust a qualitativ héichwäerteg Transportléisung sichen.
💰 Neipräis: ca. 1.700 €
💶 Verkafspräis: 1.000 € VB
📍 Standuert: momentan nach zu Kayl
ℹ️ D’Boxe sinn aktuell nach am Auto verbaut an nach am Asaz, wäerten awer demnächst ausgebaut ginn a kënnen direkt iwwerholl ginn.
📩 Bei Interessi oder Froe kënnt dir mir gären eng PN schécken. Weider Fotoen an Detailer schécken ech natierlech gär.
🙏 De Bäitrag dierf ganz gäer gedeelt ginn. Merci! 🐾