04/07/2026
𝐃𝐒𝐌-𝐕𝐈𝐈𝐈 𝐏𝐨𝐜𝐤𝐞𝐭 𝐄𝐝𝐢𝐭𝐢𝐨𝐧™
𝐄𝐥𝐨 𝐨𝐩 𝐧𝐞̈𝐦𝐦𝐞𝐧 𝐞𝐧𝐠 𝐃𝐢𝐚𝐠𝐧𝐨𝐬 𝐫𝐞𝐝𝐮𝐳𝐞́𝐢𝐞𝐫𝐭!
Passt perfekt op de Frigo oder an d'Hënnertäsch!
𝐊𝐀𝐏𝐈𝐓𝐀𝐋𝐈𝐒𝐌𝐔𝐒
(Chronescht Ëmwelt-Upassungssyndrom)
𝐃𝐢𝐚𝐠𝐧𝐨𝐬𝐭𝐞𝐬𝐜𝐡 𝐂𝐫𝐢𝐭𝐞̀𝐫𝐞𝐧
Eng Diagnos vu Kapitalismus ka gestallt ginn, wann eng Persoun iwwert eng méi laang Zäit de wirtschaftleche Bedéngunge vun eiser moderner Gesellschaft ausgesat war.
𝐇𝐞𝐞𝐟𝐞𝐠 𝐒𝐲𝐦𝐩𝐭𝐨𝐦𝐞𝐫
• Burnout a konstant Middegkeet.
• Chronesch Dissoziatioun an emotional Ofstompfung als Selbstschutz.
• Ofhängegkeet vu schiedleche Bewältegungsstrategien, fir den Alldag iwwerhaapt auszehalen.
• Stänneg Angscht wat Finanzen, soziale Status, Leeschtung, Ausgesinn, Alter an den eegene gesellschaftleche Wäert ugeet.
• Soziale Réckzuch an Isolatioun, fir Iwwerfuerderung, Verurteelung oder weider Belaaschtungen ze vermeiden.
• Ënnerdrécke vu Gefiller, Bedürfnisser a Perséinlechkeetszich, fir Léift, Unerkennung, eng Aarbecht, eng Wunneng, oder einfach d'Iwwerliewen ze sécheren.
• D'Gefill, ni genuch ze sinn.
• Scholdgefiller, wann een sech ausrout.
• Alldeeglech Konfrontatioun mat suergfälteg ausgewielte Biller vu Mënschen, Plazen, Kierper, Liewensstiler, Carrièren a Besëtz, déi besser schénge wéi dat eegent Liewen.
• Dat konstant Gefill, datt eppes grondsätzlech net stëmmt, ouni kënnen ze erkennen, wouhier et kënnt, well d'Ursaach als "normal" ugesi gëtt.
• De stännege Bléck op d'Zukunft, baséiert op der Iwwerzeegung, datt d'Gléck iergendwou méi spéit op ee waart.
• De Besoin, ëmmer méi ze maachen, ouni jeemools fäerdeg ze ginn.
• Wäertvoll Momenter, authentesch Bezéiungen, Rou, Kreativitéit, an d’Gefill vun Zesummenhalt verpassen, well een sech net gutt genuch fillt oder sech als Echec consideréiert.
• Onméiglechkeet, sech déi néideg Ënnerstëtzung ze leeschten, wärend ee gläichzäiteg emotional, kierperlech, finanziell oder generell fir aner Mënschen do ass, déi och ënner dem Kapitalismus leiden.
• Dauerstress, kierperlech Spannung an Erschöpfung.
𝐁𝐞𝐭𝐫𝐚𝐟𝐟𝐞 𝐌𝐞̈𝐧𝐬𝐜𝐡𝐞 𝐛𝐞𝐬𝐜𝐡𝐫𝐞𝐢𝐰𝐞𝐧 𝐝𝐚𝐜𝐤𝐬:
“Ech fille mech eleng, och wann ech vu Leit ëmgi sinn.”
“Ech si midd, obwuel ech genuch geschlof hunn.”
“Ech hunn d'Gefill hannendran ze sinn, obwuel ech stänneg amgaang sinn.”
“Ech fille mech verantwortlech fir Problemer, déi net op menger Kap gewuess sinn.”
𝐇𝐞𝐞𝐟𝐞𝐠𝐤𝐞𝐞𝐭
Ongeféier 99,9 %.
𝐏𝐫𝐨𝐠𝐧𝐨𝐬
D'Symptomer verschlechteren sech dacks, wann de Betraffene gesot kritt, säi Leed wier e perséinlecht Versoen an net eng viraussiichtlech Reaktioun op seng Ëmwelt.
𝐑𝐞𝐜𝐨𝐦𝐦𝐚𝐧𝐝𝐞́𝐢𝐞𝐫𝐭 "𝐁𝐞𝐡𝐚𝐧𝐝𝐥𝐮𝐧𝐠"
* Gemeinschaft
* Authentesch mënschlech Bezéiungen
* Géigesäiteg Ënnerstëtzung
* Rou
* Spill
* Kreativitéit
* Zäit an der Natur
* Ongezwonge Gespréicher
* Séchere Wunnraum
* Paien, vun deenen ee liewe kann
* Gemeinsam Léisunge fir gemeinsam Problemer
𝐁𝐞𝐦𝐢𝐞𝐫𝐤𝐮𝐧𝐠
Dës Moossname kënnen duerch de Kapitalismus schwéier zougänglech sinn.
𝐃𝐢𝐬𝐜𝐥𝐚𝐢𝐦𝐞𝐫
Betraffe Leit kréien dacks gesot, hir Symptomer géifen op e perséinlecht Versoen hindeiten.
Den aktuelle Wëssensstand weist awer drop hin, datt et sech amplaz och ëm eng ganz normal mënschlech Reaktioun op eng dauerhaft Belaaschtung duerch de Kapitalismus kéint handelen.
𝐖𝐢𝐜𝐡𝐭𝐞𝐠:
Dëse Post ass eng satiresch Reflexioun.
E soll keng Diagnos an och keng professionell Hëllef ersetzen.
Mental Erkrankungen si reell a brauchen eng adäquat Behandlung.
Gläichzäiteg ass et wichteg ze erkennen, datt chronesche Stress, finanziellen Drock an eis Liewensëmstänn e groussen Afloss op eis mental Gesondheet kënnen hunn.
Heiansdo ass net nëmmen de Mënsch, deen iwwerfuerdert ass.
Heiansdo ass et och de System, an deem mir liewen.