Haus um Sand

Haus um Sand Stéphanie Hallé-Fabbri
Doula
••••••••••••••••••••••••••
Gutt begleet vun Ufank un
Schwangerschaft-Gebuert-Wochebett-Elterenzäit Ech si Mamm vun zwee Jongen.

HALLO

ech sinn d'Stéphanie a liewe mat menger Famill zu Sëll. De Kaspar ass 2013 am Gebuertshaus zu Mäerzeg an Däitschland an de Moritz 2015 doheem op d’Welt komm. Duerch déi schéin an erfëllte Gebuerten huet mäi Liewen sech ëm 180 Grad gedréit. Ech sinn doduerjer vill méi a meng eege Kraaft komm a profitéieren haut nach vun deene schéinen Erfarungen, déi ech deemools gemaach hunn. Nieft mengem Beruff als Waldorfspillschoulsjoffer, sinn dunn nei Dieren opgaangen an hu mech ëmmer méi déif fir d'Theme Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert an Elterenzäit interesséiert, bis ech no an no Ausbildungen a Formatiounen an deene Beräicher gemaach hu fir ganzheetlech Berodungen, Coursen, Workshoppen a Ritualer ronderëm d'Familljeliewen ubidden ze kënnen. 2016 huet meng Rees an d'Selbstännegkeet ugefaang a bereien net dee Schratt an d'Ongewëssheet gewot ze hunn. Ech hoffen, dass ech nach vill Joren als Doula wierken kann, esou datt zukünfteg Elteren, Familljen a Fraen sech verstanen a gutt opgehuewen fillen. Eng vu menge Passiounen ass, zukünfteg Elteren, Familljen a Fraen duerch hir besonnesch Liewensiwwergäng ze guidéieren an se beschtméiglechst virzebereeden, sou datt se méi sécher a gebuergen duerch hir Phase goe kënnen. Liewensiwwergäng brénge Verännerunge mat sech a kënnen intensiv Gefiller an Onsécherheet ausléisen. Ech invitéieren d’Leit, sech méi mat hirer Essenz ze connectéieren a bewosst Ressourcen opzebauen, déi hinnen an usprochsvolle Momenter Halt ginn. Mat Hëllef vu Ressourcen a Ritualer kënnen Iwwergäng net nëmme méi douce verlafen, mee si bidden och d’Geleeënheet, sech weiderzeentwéckelen an nach méi a seng eege Kraaft ze kommen.

Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert, Wochebett an Elterenzäit sinn déi Iwwergäng op déi ech mech spezialiséiert hunn. Ech bidden ënner anerem och Fraekreesser fir Fraen un, déi sech méi bewosst mat hirer Weiblechkeet auserneesetze wëllen. Ech bidden souzesoen eng net-medezinesch Begleedung un, déi sech ganz gutt mat de Gesondheetsberuffer kombinéiere léist.

​​Ech ënnerstëtzen och Elteren, déi vill Froe ronderëm d'Begleedung vun hirem Kand oder hire Kanner hunn. Ech bidde bindungs- a bedierfnisorientéiert Berodungen, Eltere-Kand-Coursen, Workshoppen a Ritualer un, fir datt si hirt Kand besser verstinn, méi op d'Bedierfnisser agoe kënnen a Ressourcen hunn, fir mat usprochsvolle Momenter ëmgoen ze kënnen. Meng Aarbecht baséiert op der Theorie vum "Attachment Parenting", déi dem haitege Kenntnisstand vun der Entwécklungs- a Gehierfuerschung entsprécht.

Ech leeë ënner anerem vill Wäert op Präventioun a Resilienz, well ech d'Wuelbefanne vu menger Clientèle stäerken wëll an hinnen hëllefe wëll méi selbstbestëmmt duerch déi verschidden Etappe vum Liewe goen ze kënnen.

Firwat den Numm "Haus um Sand"? Ier am September 2017 “Haus um Sand” gegrënnt ginn ass, hunn ech verzweiwelt no engem Numm gesicht. Näischt war gutt genuch bis ech eist Haus mam Stroossennumm kombinéiert hunn. Sou ass “Haus um Sand” entstanen. Ganz einfach!

ELTEREKREES MAM FÉLICIEZU SËLLAb Oktober fänken eis Elterekreesser un. Mir huelen eis Raum an Zäit fir nozelauschteren, ...
20/09/2026

ELTEREKREES MAM FÉLICIE
ZU SËLL

Ab Oktober fänken eis Elterekreesser un. Mir huelen eis Raum an Zäit fir nozelauschteren, eis auszetauschen an e flotte Moien mateneen ze verbréngen 🥰

Info an Umeldung:

HIEWANNENHAUS DIDDELENGDeemnächst bidden ech e Bëbeemassagecours zu Diddeléng un a nei Mammekreesser mam Sara fannen och...
20/09/2026

HIEWANNENHAUS
DIDDELENG

Deemnächst bidden ech e Bëbeemassagecours zu Diddeléng un a nei Mammekreesser mam Sara fannen och nees statt 🥰

Info an Umeldung:

20/09/2026

En Dënschden de Moien ass e R-V fräi ginn. Ech hunn Zäit fir Berodung, MamiZen, Rebozo, Yoni Steam oder Wochebettbesuch:
[email protected]
WhatsApp: 621727465

RENTRÉE2026-2027D’Summervakanz ass eriwwer. Haut war schonn den éischte Schouldag fir d’Waldorfkanner, muer geet et fir ...
14/09/2026

RENTRÉE
2026-2027

D’Summervakanz ass eriwwer. Haut war schonn den éischte Schouldag fir d’Waldorfkanner, muer geet et fir déi aner Kanner nees lass an geschwënn sinn dann och d’Jugendlecher an de Lycéen nees um Start. Ech wënschen iech alleguer eng ganz gutt Rentrée, vill Freed a ganz schéin Momenter.

Ech ka bal net gleewen, datt den Hierscht scho virun der Dier steet a fannen dat d’Méint vu September bis Dezember ëmmer esou séier eriwwer ginn.

Och ech sinn nees am Jumm no 3 Wochen Paus. E Freideg hunn ech erëm ugefaang ze schaffen. Eng Mamm ass laanscht komm, fir sech iwwert d’Cerrada z’informéieren an haut de Moien huet en neie Bëbeemassagecours ugefaang.

De Mëtteg wollt ech eigentlech eng Mamm am Wochenbett besichen, mee leider ass doraus näischt ginn. De Marder huet nees e Kabel vum Auto duerchgebass an dat elo schonn déi zweete Kéier a ganz kuerzer Zäit a konnt net bei si fueren. Mega schued!

A muer geet et weider mat de Waldorfspillgruppen an aneren Begleedungen.

Ech hoffen, dat dir eng schéin an erhuelsam Vakanz haat an dat dir mat neier Energie an dat neit Schouljoer starte kënnt.

Ech halen iech um Lafenden, well an de nächste Wochen a Méint nach ganz vill flott Eventer a schéin Momenter op eis duer kommen. Ech freeë mech schonn dat alles mat iech deelen ze kënnen ✨💛✨

BËBEEMASSAGEZU SËLLFir dei ganz spontan ënnert iech: muer fänkt e neie Bëbeemassagecours zu Sëll un. Et sinn nach Plaze ...
13/09/2026

BËBEEMASSAGE
ZU SËLL

Fir dei ganz spontan ënnert iech: muer fänkt e neie Bëbeemassagecours zu Sëll un. Et sinn nach Plaze fräi 🙌

REMARKABLE PAPER PUREDEEPER THINKING // BRIGHTER IDEASHaut ass mäin neie „reMarkable Paper Pure“ ukomm, an ech freeë mec...
10/09/2026

REMARKABLE PAPER PURE
DEEPER THINKING // BRIGHTER IDEAS

Haut ass mäin neie „reMarkable Paper Pure“ ukomm, an ech freeë mech immens drop, en no an no kennenzeléieren an erauszefannen, wéi ech en am beschte fir mech notze kann.

Ech hunn zënter enger Zäit no enger Méiglechkeet gesicht, fir all meng Notizen, Iddien, Mind-Maps, To-do-Lëschten, Pläng, Dokumenter, etc…endlech op enger Plaz ze hunn an doduerch méi organiséiert an effizient kënnen ze schaffen.

Wat mir besonnesch gutt gefällt ass dat natierlecht Gefill, wéi wann ech op Pabeier géif schreiwen an all d’Virdeeler vum Digitalen. Ech kann alles einfach organiséieren, upassen an erëmfannen, ouni déi vill Oflenkungen, déi een op enger Tablet huet. Manner Pabeier, manner Chaos, méi Fokus an hoffentlech e vill méi optiméierte Workflow.

Ech si wierklech gespaant, wéi de reMarkable sech a mengem Alldag integréiere léisst a wéi vill méi strukturéiert a produktiv ech domat schaffe kann. We’ll see…🤞🤞

03/09/2026

Adresse

7, Um Sand
Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Haus um Sand publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager