CMCM Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste
La solidarité et l'aide mutuelle pour toute la famille.

Weess du eigentlech, wats du am Fall vun engem Accident am Ausland maache muss? 🤔🚐Komm laanscht bei eise mobile Büro, a ...
20/09/2026

Weess du eigentlech, wats du am Fall vun engem Accident am Ausland maache muss? 🤔

🚐Komm laanscht bei eise mobile Büro, a kréi deng Äntwerten direkt vun eiser Ekipp.

📍Dës Woch fënns du eis hei:
De 24. September zu Diddeleng um Maart op der Maartplaz
De 26. September um Lëtz Go Gold 2026
De 27. September um Kropemansfest

🗺️All eis Sortië fënns du op:
ontour.cmcm.lu

👉Komm laanscht, mir freeën eis op dech!

En Äerdbier a Rubbarb Kuch, e séisse Klassiker fir wann s du eng Schneekegkeet glëschts 🍓Dëse Kuch ass fruuchteg, liicht...
18/09/2026

En Äerdbier a Rubbarb Kuch, e séisse Klassiker fir wann s du eng Schneekegkeet glëschts 🍓

Dëse Kuch ass fruuchteg, liicht an de perfekten Dessert fir all Occasioun ☀️
👉 Dat ganzt Rezept fënns op cmcm.lu/insights/gesond-bleiwen/recettes ! 📖

Mir wënsche sämtleche Schüler, Studenten an natierlech och dem Léierpersonal e gudden an erfollegräiche Start an dat nei...
15/09/2026

Mir wënsche sämtleche Schüler, Studenten an natierlech och dem Léierpersonal e gudden an erfollegräiche Start an dat neit Schouljoer! 🥳👩‍🏫🍎

📌 Wichteg Info fir all Studenten: Soulaang Dir studéiert, bleift Dir weiderhi bei eis ofgeséchert. ✅
➡️ Och wann Dir am Ausland studéiert, sidd Dir automatesch weltwäit iwwer de Régime Commun zesumme mat Ären Elteren ofgeséchert – egal ob et ëm en Dokter- oder Zänndokterbesuch geet.
✈️ An esouguer am Fall vun engem néidege Rapatriement sidd Dir ofgeséchert!
➡️ Denkt och drun: Ab dem 19. Liewensjoer brauche mir e Schoulcertificat. 📄

Weess du eigentlech, dass du deng Rechnung iwwert eis nei  myCMCM App eraschécke kanns?📲🤔Falls du hëllef beim installéie...
13/09/2026

Weess du eigentlech, dass du deng Rechnung iwwert eis nei myCMCM App eraschécke kanns?📲

🤔Falls du hëllef beim installéieren oder beim aktivéiere vum Konto brauchs oder aner Froen hues, da komm bei eisem mobile Büro laanscht a kréi deng Äntwerten direkt vun eiser mobiller Ekipp 🚐

Dës Woch fënns du eis hei:

📍 En Dënschden de 15. September zu Dikrech um Maart vun 09h bis 12h

🗺️All eis Sortië fënns du op:
ontour.cmcm.lu

👉Komm laanscht, mir freeën eis op

🎤 CMCM Health Talk: Burnout – Sensibiliséierung ronderëm mental GesondheetBurnout ass e Sujet, deen ëmmer méi Mënsche be...
10/09/2026

🎤 CMCM Health Talk: Burnout – Sensibiliséierung ronderëm mental Gesondheet

Burnout ass e Sujet, deen ëmmer méi Mënsche betrëfft – mee wat stécht eigentlech dohannert a wéi kann een déi éischt Zeechen erkennen?

Am Kader vun de Semaines de la Santé Mentale 2026 invitéiert d’CMCM op en neien Health Talk mam Dr. rer. nat., Dipl.-Psych. Gilles Michaux vum GesondheetsZentrum.

Zesumme kucke mir, wéi e Burnout entsteet, wéi ee virbeuge kann a wéi eng Behandlungsméiglechkeeten et ginn. Duerno bleift Zäit fir Froen an en oppenen Austausch.

📅 Wéini: 8. Oktober 2026 um 13:00 Auer
📍 Wou: CMCM Conference Space
🎟️ Gratis Entrée
👉 Umeldung a méi Informatioune fënns du hei: https://experience.cmcm.lu/lb/health-talk-burnout/

Weess du eigentlech, datt d’CMCM bei enger Operatioun net nëmmen de Spidolsopenthalt ofdecke kann? 🏥Wanns du elo genau w...
07/09/2026

Weess du eigentlech, datt d’CMCM bei enger Operatioun net nëmmen de Spidolsopenthalt ofdecke kann? 🏥

Wanns du elo genau wësse wëlls wat nach mat ofgedeckt ass, da komm laanscht bei eisem mobile Büro a kréi deng Äntwerten direkt vun eiser mobiller Ekipp.

Dës Woch fënns du eis hei:

📍 E Méinden de 07. September op der Stater Braderie vun 09h bis 19h
📍 E Mëttwoch den 09. September zu Iechternach um Maart vum 8h30 bis 13h
📍 En Donneschden den 10. September zu Diddeleng um Maart vun 08h bis 12h
📍 E Sonnden den 13. September op der Clierfer Braderie vun 10h bis 18h

🗺️All eis Sortië fënns du op:
ontour.cmcm.lu

👉Komm laanscht, mir freeën eis op dech!

Broschtkriibslaf 2026📅 Den 3. Oktober 2026 organiséiert Europa Donna Luxembourg asbl och dëst Joer den traditionelle Bro...
04/09/2026

Broschtkriibslaf 2026

📅 Den 3. Oktober 2026 organiséiert Europa Donna Luxembourg asbl och dëst Joer den traditionelle Broschtkriibslaf fir op den Broschtkriibs opmierksam ze maachen a fir d’Leit ze sensibiliséieren.

🏃‍♀️ Jidderee kann déi 5 km a sengem Rhythmus lafen, joggen oder trëppelen. Et geet ëm dat gemeinsaamt Engagement fir d'Preventioun an d'Ënnerstëtzung vu Persounen, déi vu Broschtkriibs betraff sinn. Mir freeën eis dës wichteg Initiativ och dëst Joer nees als Haaptsponsor z’ënnerstëtzen.💗

📍 Parc de Hesperange
📅 3. Oktober 2026
⏰ Depart: 10:00 Auer

👉 Loscht dobäi ze sinn? Hei kanns du dech aschreiwen:
https://www.broschtkriibslaf.lu/

🔒 Däi Feedback a gudden Hänn!Wéi ass deng medezinesch Behandlung zu Lëtzebuerg oder am Ausland verlaf?Deel eis deng Erfa...
02/09/2026

🔒 Däi Feedback a gudden Hänn!

Wéi ass deng medezinesch Behandlung zu Lëtzebuerg oder am Ausland verlaf?
Deel eis deng Erfarung iwwer eisen Online-Froebou mat!

Deng Donnéeë gi vertraulech traitéiert a mat dengem Averständnis, kann eis Ekipp Qualitéit & Parcours Santé mat dir a Kontakt triede fir iwwer deng Erfarung ze schwätzen.

👉 Eisen Online-Froebou fënns du op myCMCM oder iwwer dëse Link:
https://forms.cloud.microsoft/e/9hChnKfAXE

💬 Maach mat - däi Feedback mécht den Ënnerscheed.

Weess du eigentlech, wats du alles mat der neier myCMCM-App maache kanns? 📱Zum Beispill, wéis du deng Demanden eraschéck...
30/08/2026

Weess du eigentlech, wats du alles mat der neier myCMCM-App maache kanns? 📱

Zum Beispill, wéis du deng Demanden eraschécke kanns oder wous du däi Certificat fir d'Steiere fënns? 🧾

🚎Komm laanscht bei eisem mobile Büro a kréi deng Äntwerten direkt vun eiser mobiller Ekipp.

Dës Woch fënns du eis hei:
📍 En Donneschden den 03. September zu Diddeleng um Maart bei der Gemeng vun 08h bis 12h
📍 E Freiden de 04. September an der Shopping Mile Nordstrooss zu Maarnech vun 12h bis 18h

🗺️All eis Sortië fënns du op:
ontour.cmcm.lu

👉Komm laanscht, mir freeën eis op dech!

LËTZ GO GOLD 2026 💛D’CMCM ass houfreg, Haaptsponsor vum Lëtz Go Gold ze sinn – der solidarescher Course vun der Fondatio...
26/08/2026

LËTZ GO GOLD 2026 💛

D’CMCM ass houfreg, Haaptsponsor vum Lëtz Go Gold ze sinn – der solidarescher Course vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner (aide aux enfants atteints d'un cancer)🏃‍♀️🏃‍♂️

📅 De 26. September 2026 ass et esou wäit: zesumme lafen, trëppelen a virun allem e wichtegt Zil ënnerstëtzen – d’Fuerschung géint Kannerkriibs.

Mat Strecke vun 1,5 km, 5 km oder 10 km ass fir jiddereen eppes dobäi. Egal ob’s Du aleng matleefs oder trëppels, eng Ekipp grënns oder mat engem Don ënnerstëtz – all Engagement zielt!💛

👉 Maach mat a setz zesumme mat eis en Zeeche vu Solidaritéit!

📍 Lëtzebuerg-Neiduerf / Grünewald
🔗 Umeldung & méi Informatiounen:
https://fundraising.fondatioun.lu/fr/pages/letz-go-gold

Adresse

32-34, Rue De Hollerich
Luxembourg
1740

Heures d'ouverture

Lundi 08:45 - 11:45
13:00 - 17:00
Mardi 08:45 - 11:45
13:00 - 17:00
Mercredi 08:45 - 11:45
13:00 - 17:00
Jeudi 08:45 - 11:45
13:00 - 17:00
Vendredi 08:45 - 11:45
13:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CMCM publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à CMCM:

Raccourcis

Partager