22/03/2026
🕶️ Saint Laurent – nei Sonnebrëller am Buttek!
Déi nei SAINT LAURENT Modeller si ukomm an zéien direkt Opmierksamkeet un. Kloer Formen, markant Linnen an e Look, deen direkt erausstécht, modern, staark a mat Charakter! 😎
Saint Laurent bleift sech trei: en Design, deen net iwwerlueden ass, mee gezielt Akzenter setzt. Dës Brëller passe perfekt fir e clean Outfit oder fir e méi expressiven Style.
D’Lënsen filteren natierlech 100% vun UVA & UVB Stralen, ☀️bei verschiddene Modeller hues de souguer polarised lenses, dat heescht Reflexer vu Strooss, Waasser oder Glas ginn erausgefiltert, an d’Siicht gëtt vill méi “clean”.
D’Mark ass weltwäit bekannt fir hiren eenzegaartege Mix aus Eleganz an engem liicht rebelleschen Touch, genau dat gesäit een och an dëser Kollektioun. 😜
Dës Modeller sinn ideal fir jiddereen, deen eppes sicht, wat direkt opfält ouni ze vill ze maachen.
👇🏼 Kommt laanscht a entdeckt déi nei Saint Laurent Sonnebrëller bei eis am Buttek. 😎
📍Les Arcades Niederanven
📞 +352 26 94 52 89
https://www.debrellemeeschter.lu/