Gina Wetz Gesondheetsberodung

Gina Wetz Gesondheetsberodung fir de Mensch
-Wuelbefanen & Balance
-Kannerwonsch-Coach
-Aromapfleg

fir Déieren
- Ernährungsberodung
- Tierdentalhygien Ganz ohne Stress und ohne Schmerzen.
(2)

Leistungen und Preise

------ Ernährungsberatung ------

Rationsüberprüfung (je nach Aufwand): 15€
Überprüfung auf eventuelle Mängel in der aktuellen Fütterung

Rationsanpassung: 30€
Aufbesserung der Aktuellen Ration
(Falls Mängel vorhanden sind)

Rationserstellung inkl. Futterplan: 70€
Erstellung eines bedarfsgerechten Wochenfutterplanes, dieser wird mit dem Halter besprochen

Reduktionskurve: 10,00€
So können sie überprüfen, ob Ihr Hund seine Wochenziele beim Abnehmen erreicht. Welpen wachstumskurve: 10,00 €
Diese Kurve dient als Hilfe, damit sie das Wachstum Ihres Welpen im Auge halten können, denn ein zu schnelles Wachstum fördert Gelenkserkrankungen.

------ Zahnsteinentfernung ohne Narkose ------

Zahnstein entfernen mit einem Soft Ultraschall Gerät. Die Behandlung dauert Anfangs etwas länger wegen der Eingewöhnung. Die länge der Behandlungen kommt auf den jeweiligen Hund und des Zahnsteines an.

5er Paket: 50€

oder

10er Paket: 75€
(je nach Tier dauert es eine Zeit bis man einen Erfolg sehen kann. Eine Behandlung dauert 20-40 minuten)

𝗗é𝗶𝗲𝗿𝗲𝗲𝗿𝗻ä𝗵𝗿𝘂𝗻𝗴 𝗮𝗺 𝗙𝗼𝗸𝘂𝘀🐶 Deel 2 - D’Zutatelëscht richteg liesen – wat stécht wierklech am Hondsfudder?Beim Hondsfudder ...
10/09/2026

𝗗é𝗶𝗲𝗿𝗲𝗲𝗿𝗻ä𝗵𝗿𝘂𝗻𝗴 𝗮𝗺 𝗙𝗼𝗸𝘂𝘀

🐶 Deel 2 - D’Zutatelëscht richteg liesen – wat stécht wierklech am Hondsfudder?

Beim Hondsfudder ass d’Verpakung dacks voller Verspriechen: „Premium“, „natierlech“, „räich u Fleesch“ oder „ouni Zocker“. Mee wat tatsächlech am Fudder dran ass, erkennt een net ëmmer op den éischte Bléck.

Dofir lount et sech, d’Zutatelëscht genee ze liesen. Mee wat bedeiten déi verschidde Begrëffer eigentlech?

🥩 Wat ass am Hondsfudder dran?
En komplett Hondsfudder setzt sech normalerweis aus verschiddene Bestanddeeler zesummen, zum Beispill:

-Déierebestanddeeler wéi Fleesch, Innereien oder Déieren-Niewenerzeugnesser
-Planzlech Bestanddeeler wéi Kären, Gromperen oder Geméis
-Fetter an Ueleger
-Vitaminnen a Mineralstoffer
-jee no Produkt och verschidden Zousazstoffer

Dobäi ass net all eenzel Zutat automatesch „gutt“ oder „schlecht“. Entscheedend ass dat ganzt Rezept: Wéi eng Zutate gi benotzt, a wéi enger Quantitéit a wéi ass d’Fudder insgesamt zesummegesat?

🔎 D’Reiefolleg vun den Zutaten
D’Zutaten an der Lëscht ginn an ofsteigender Reiefolleg no hirem Gewiicht opgefouert. Dat heescht: Wat an der Lëscht méi wäit uewen steet, war bei der Zesummesetzung vum Produkt a méi grousser Quantitéit dran.

Zum Beispill:

Wann e Fudder 10 % Kären an 2,5 % Déierebestanddeeler enthält, géif de Kären-Bestanddeel an dësem Beispill virun den Déierebestanddeeler stoen.

Dat kann e wichtegen Hiweis sinn, mee d’Zutatelëscht eleng erlaabt nach keng komplett Bewäertung vun der Qualitéit oder der Nährstoffversuergung.

Dofir soll een nieft der Zesummesetzung och d’analytesch Bestanddeeler an d’Deklaratioun vun den Zousazstoffer kucken.

👉 Eng gutt Fudderbewäertung fänkt also net bei der Reklamm op der Front un, mee beim geneeë Liesen vun der ganzer Deklaratioun.

-> Fir Froen oder fir eng Berodung kenn dir mech gaeren uschreiwen 😊
seit 2016 sinn ech als Zertifizeiert Ernärungsberoderin fir Muppen a Katzen och fir den Déiereschutz tätesch🐕🐈

08/09/2026

🌿 Natierleche Raumspray selwer maachen
Vill Raumspraye richen zwar laang a staark, mee si enthalen synthetesch Duftstoffer. Verschidde Leit reagéieren empfindlech dorop a kréien zum Beispill Kappwéi, Onwuelbefannen oder eng irritéiert Nues.
Dofir kann een e Raumspray och ganz einfach selwer maachen – mat wéinegen Zutaten an ouni onnéideg Duftstoffer. 🌿

Dir braucht:

-ca. 80–90 ml destilléiert Waasser (alternativ ofgekacht an ofgekillt Waasser)
-10–20 ml Alkohol mat mindestens 40 % (z. B. Wodka) – hëlleft d'Inhaltsstoffer ze vermëschen a verbessert d'Haltbarkeet
-gedrechnete Lavendelbléien oder och mat Ätheresch Ueleger meiglech
-eng propper, eidel Sprayfläsch

an so geet et:

D'Lavendelbléien an d'Fläsch ginn – ongeféier bis zu engem Drëttel bis maximal d'Hallschent.

Alkohol an d'Waasser dobäiginn.
Alles gutt vermëschen a kuerz zéie loossen.
Virum Gebrauch ëmmer gutt resselen

💜 Lavendel gëtt traditionell fir seng berouegend a relaxéierend Eegeschafte geschat a kann besonnesch an engem Schlofzëmmer eng agreabel Atmosphär schafen.

Vill Spass beim Ausprobeieren 😊

24/08/2026

𝗗é𝗶𝗲𝗿𝗲𝗲𝗿𝗻ä𝗵𝗿𝘂𝗻𝗴 𝗮𝗺 𝗙𝗼𝗸𝘂𝘀

1. Thema: Zocker am Fäerdegfudder – néideg oder verzichtbar?

Wie schonn emol d'Zutatenlëscht vu Honds- oder Kazefudder genee gekuckt huet, ass vläicht op Begrëffer wéi Zocker, Melass, Glukosesirop, Karamell oder aner zockerhalteg Bestanddeeler gestouss.

Mee firwat gëtt iwwerhaapt Zocker bäigesat?

Jee no Hiersteller kann zougesate Zocker verschidde Funktiounen hunn. Hien kann de Goût verbesseren, d'Faarf vum Fudder beaflossen oder als techneschen Hëllefsstoff bei der Produktioun déngen. Aus ernärungsphysiologescher Siicht ass zougesate Zocker fir gesond Hënn a Kazen awer net néideg.

Kazen sinn obligat Karnivoren, dat heescht, si si biologesch op eng Ernärung mat haaptsächlech Déiereproteine spezialiséiert. Dobäi kënnt, datt si séiss Geschmaacher nëmme ganz limitéiert oder guer net kënnen erkennen. Och Hënn kënnen zwar Kuelenhydrater verwäerten, si brauchen awer kee zougesate Zocker, fir hire Energiebedarf ze decken.

E reegelméissegen héije Zockerkonsum kann – jee no der gesamter Ernärung an dem individuellen Déier – ënner anerem folgend Auswierkunge begënschtegen:

🐾 Iwwergewiicht duerch onnéideg Kalorien
🦷 Zännproblemer, virun allem beim Hond
📈 Eng Belaaschtung vum Stoffwiessel bei dofir ufällegen Déieren
an d'Wëssenschaft weist, datt laangfristeg héich Bluttzockerspigelen (z. B. bei Diabetis mellitus) de Risiko fir Katarakt (groe Staar) erhéijen.
⚖️ Eng onausgeglach Ernärung, wann energieräich, mee nährstoffaarm Zutaten iwwerweien

⚠️ Opgepasst: Och verschidde Zockerersatzstoffer kënnen eng grouss Gefor duerstellen. Xylitol (Birkezocker) ass fir Hënn héich gëfteg a kann schonn a klenge Quantitéiten zu enger staarker Ënnerzockerung, Liewerschied oder souguer zum Doud féieren.

Wichteg: Net all Zocker, deen an der Deklaratioun opdaucht, ass automatesch e Grond, e Fudder ofzeleenen. Entscheedend ass d'Gesamtzesummesetzung, d'Qualitéit vun de Rohstoffer an ob d'Fudder den ernärungsphysiologesche Besoine vum jeeweilege Déier entsprécht.

💡 Eisen Tipp: Huelt iech reegelméisseg Zäit, d'Zutatenlëscht vum Fudder ze liesen. Eng bewosst Wiel vum Fudder ass e wichtege Bestanddeel fir d'Gesondheet an d'Wuelbefanne vun ärem Véierbeener.

📚 Déierenernärung ass e spannend Thema. An de kommende Wochen deele mir reegelméisseg interessant Fakten a fachlecht Hannergrondwëssen iwwert d'Ernärung vun Hënn a Kazen.

💬 Hutt Dir schonn emol d'Deklaratioun vum Fudder vun Ärem Déier méi genee ënnert d'Lupp geholl?

05/08/2026

🌿 Ein neuer Tag – ein neuer Moment für dich.

Zwischen Terminen, Haushalt, Familie und all den kleinen Aufgaben vergessen wir oft eine Person: uns selbst.

Heute lade ich dich ein, dir nur 3 Minuten zu schenken.

🌸 Atme bewusst ein.
🌸 Atme langsam wieder aus.
🌸 Lass für einen Moment alles los, was gerade nicht wichtig ist.

Du musst nichts leisten. Du musst nichts perfekt machen.

Sei einfach nur für einen kurzen Augenblick bei dir.

Manchmal reichen 3 Minuten, um den Kopf zu ordnen, neue Kraft zu tanken und den Rest des Tages mit mehr Ruhe und Gelassenheit anzugehen.

💚 Dein Atem ist immer da. Nutze ihn als Anker und schenke dir diesen kleinen Moment der Achtsamkeit.

✨ 3 Minuten für dich. Jeden Tag ein bisschen mehr Ruhe.

🌿 Fir gestresst Mammen a PappenWell eis Kanner keng perfekt Eltere brauchen – mee Elteren, déi wierklech do sinn, mat Hä...
29/07/2026

🌿 Fir gestresst Mammen a Pappen

Well eis Kanner keng perfekt Eltere brauchen – mee Elteren, déi wierklech do sinn, mat Häerz, Opmierksamkeet a Léift.

🌱 Mat eise Kanner wuessen

Eis Kanner léieren net nëmme vun deem, wat mir hinne soen – si léieren virun allem duerch dat, wat mir hinne virliewen.

Wa mir Achtsamkeet an eisen Alldag integréieren, schenke mir net nëmmen eis selwer méi Rou a Gläichgewiicht. Mir weisen och eise Kanner, wéi wichteg et ass, bewosst ze ootmen, Gefiller zouzeloossen an sech kleng Momenter fir sech selwer ze huelen.

Achtsamkeet hëlleft eis, mat méi Gedold ze reagéieren, besser nozelauschteren an déi kleng Momenter am Alldag wierklech ze genéissen.

An heiansdo fänkt dat mat engem eenzegen, bewossten Otemzuch un. 🌿

Kennst du das auch?Die Gedanken kreisen ununterbrochen. Du denkst an morgen, an die To-do-Liste, an all das, was noch er...
22/07/2026

Kennst du das auch?

Die Gedanken kreisen ununterbrochen. Du denkst an morgen, an die To-do-Liste, an all das, was noch erledigt werden muss.

Wenn ich merke, dass es mir so geht, setze ich mich zu meinen Hühnern. Ich beobachte, wie sie scharren, nach Körnern suchen oder ganz entspannt ein Sonnenbad genießen. Manchmal gesellt sich auch mein Hund oder eine meiner Katzen dazu – und wir sitzen einfach nur da.

Oft vergeht dabei mehr Zeit, als ich gedacht hätte.

Genau das ist für mich Achtsamkeit.

Nicht alles auszublenden, sondern für einen Moment bewusst im Hier und Jetzt anzukommen. Die Gedanken dürfen leiser werden, der Atem ruhiger – und die innere Ruhe findet langsam ihren Weg zurück. 🌿💚

Du musst nicht immer funktionieren.Schenke dir täglich 3 Minuten Achtsamkeit. Manchmal reicht ein kurzer Moment der Ruhe...
15/07/2026

Du musst nicht immer funktionieren.

Schenke dir täglich 3 Minuten Achtsamkeit.

Manchmal reicht ein kurzer Moment der Ruhe, um wieder mit mehr Energie, Geduld und Leichtigkeit weiterzugehen. 💚

🐶🌿 Aromatherapie fir Hënn – Well d'Wuelbefanne vun Ärem Hond zieltEis Hënn begleeden eis all Dag mat hirer Loyalitéit, h...
13/07/2026

🐶🌿 Aromatherapie fir Hënn – Well d'Wuelbefanne vun Ärem Hond zielt

Eis Hënn begleeden eis all Dag mat hirer Loyalitéit, hirer Freed an hirer bedéngungsloser Léift. Dofir verdéngen och si eng sanft an natierlech Ënnerstëtzung, wann de Kierper oder d'Séil aus dem Gläichgewiicht geroden.

D'Aromatherapie kann Ären Hond op eng sanft Aart begleeden an zu sengem Wuelbefanne bäidroen. Sorgfälteg ausgewielten äthereschen Ueleger kënnen vill méi wéi nëmme berouegen. Jee no Situatioun kënnen si entspanend, ausgläichend, konzentratiounsfërdernd oder fleegend wierken an dat allgemengt Wuelbefanne ënnerstëtzen.

Si kann ënner anerem begleedend agesat ginn bei:

🐾 Stress, Angscht oder Nervositéit
🐾 Onrou oder Schlofproblemer
🐾 Verännerungen am Alldag (z. B. Ëmzug, Veterinärbesich, Reesen oder Silvester)
🐾 Fleeg vu Haut a Pelz
🐾 Eeleren Hënn, fir hiert Wuelbefannen ze ënnerstëtzen
🐾 Entspanung, Ausgeglachheet a Liewensfreed ze fërderen
🐾 D'Bezéiung tëscht Mënsch an Hond duerch bewosst Wuelfühl-Ritualer ze stäerken

✨ All Hond ass eenzegaarteg. Dofir gëtt et keng Standardléisung. Zesumme fanne mir eraus, wéi eng Defter an Uwendungen am Beschten op Äre Véierbeener ofgestëmmt sinn – ëmmer individuell, respektvoll an no senge Besoinen.

Wourop soll een oppassen?

Den Gerochssënn vun engem Hond ass vill méi fein entwéckelt wéi dee vum Mënsch. Dowéinst ass eng fachgerecht Uwendung besonnesch wichteg.

✔️ Nëmmen ätheresch Ueleger benotzen, déi fir Hënn gëeegent sinn.
✔️ Ätheresch Ueleger ni onverdënnt um Hond uwenden.
✔️ Den Hond soll ëmmer selwer entscheede kënnen, ob hien en Doft unhuele wëll oder sech dovunner ewech beweegt.
✔️ Bei Welpen, dréchtegen Hënn oder bei gesondheetleche Problemer ass eng individuell Berodung besonnesch wichteg.

💚 D'Aromatherapie ersetzt keng veterinärmedezinesch Behandlung, kann awer eng wäertvoll Ergänzung sinn, fir Ären Hond ganzheetlech ze begleeden an säi Wuelbefannen op eng natierlech Aart a Weis ze fërderen. Well all Hond verdéngt et, sech ronderëm wuel ze fillen.

🐾 3 Minuten Achtsamkeit mit deinem HundHunde leben im Augenblick.Lass dich von deinem Hund daran erinnern, wie wohltuend...
08/07/2026

🐾 3 Minuten Achtsamkeit mit deinem Hund

Hunde leben im Augenblick.
Lass dich von deinem Hund daran erinnern, wie wohltuend es sein kann, einfach nur da zu sein.

Setze dich auf einen Stein, eine Bank oder direkt auf den Boden zu deinem Hund. Lege – wenn er es mag – sanft eine Hand auf seinen Rücken oder seine Brust. Atme langsam und ruhig ein und aus. Spüre die Wärme seines Körpers, nimm seinen Atem wahr und beobachte, wie er auf deine Ruhe reagiert.

Für diese wenigen Minuten gibt es nichts zu erledigen und nichts zu erreichen. Es zählt nur dieser gemeinsame Moment.

✨ Atme. Spüre. Verbinde dich. reduziere Stress 🐾💚

Adresse

Peppange

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gina Wetz Gesondheetsberodung publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Gina Wetz Gesondheetsberodung:

Raccourcis

Partager