24/07/2026
New AccessibleEU event in Luxembourg
Info: English, Français, Deutsch, Lëtzebuergesch op https://designforall.lu/accessibleeu/
Fun Factor Accessibility Dag
📅 Datum: Mëttwoch, de 5. August 2026
🕙 Auerzäit: 10:00 bis 16:00 Auer
📍 Plaz: Baggerweieren zu Remerschen
Erlieft en Dag voller Beweegung, Fräizäit a gudder Laun an engem accessibele Kader!
Op dësem Dag kënnen sech interesséiert Persounen iwwer :
[email protected]
umellen a vun enger gratis Entrée souwéi der gratis Notzung vun eisem accessibele Locatiounsmaterial profitéieren.
🎁 Als extra Highlight gëtt et eng Tombola fir all Persoun, déi sech am Viraus ugemellt huet – mat flotte Präisser ze gewannen!
Um Programm:
• 🏊 Schwammen
• 🏄 Stand-up pour tous
• 🚴 Pedalo
• ♿ Ponton pour tous
• 🚶 Treppelen
• 🏖️ Strand, Sonn a vill Spaass
Egal ob Dir mat Frënn, der Famill oder eleng kommt – dësen Dag steet am Zeeche vun Accessibilitéit, Inklusioun a gemeinsame flotte Momenter.
Mir freeën eis op Iech!