Patiente Vertriedung asbl

Patiente Vertriedung asbl Rechter vun de Patienten - Droits des patients - Patientenrechte -

Veräin ouni Gewënnzweck - politësch a reliéis neutral
Association sans but lucratif - neutre d'un point de vue politique et religieux
Eingetragener Verein ohne Gewinnzweck - politisch und religiös neutral

Presentatioun vun den Organisatiounen, déi bei der Patiente Vertriedung asbl Member vun der AGORA sinnAKUT D'AKUT a.s.b....
04/08/2026

Presentatioun vun den Organisatiounen, déi bei der Patiente Vertriedung asbl Member vun der AGORA sinn

AKUT

D'AKUT a.s.b.l. ass en Informatiouns- a Berodungszenter fir Schuedstoffbelaaschtungen zu Lëtzebuerg. D'Associatioun setzt sech dofir an, d'Bevëlkerung iwwer d'Auswierkunge vun Ëmweltgëfter op d'Gesondheet opzeklären an de Betraffenen zur Säit ze stoen.

Mat wëssenschaftlech fundéierten Informatiounen hëlleft AKUT de Leit, d'Zesummenhäng tëscht Ëmwelt, Schuedstoffer an der eegener Gesondheet besser ze verstoen an déi beschtméiglech Léisunge fir hir perséinlech Situatioun ze fannen.

D'Associatioun bitt ënner anerem:

📚 E Blog mat Informatiounen zu verschiddenen Themen am Beräich vun Ëmwelt- an Humantoxikologie.
☎️ Perséinlech Berodung an Auskunft während den Ëffnungszäite vum Sekretariat.
🎤 Organisatioun vun Informatiounsveranstaltungen a Konferenzen fir d'Ëffentlechkeet.

AKUT engagéiert sech zudeem dofir, datt d'Themen Ëmwelttoxikologie an hir Auswierkungen op d'Gesondheet méi bekannt ginn an an der Ëffentlechkeet déi Opmierksamkeet kréien, déi si verdéngen.

🌐 Méi Informatiounen: https://www.akut.lu/

Presentatioun vun den Organisatiounen déi bei der Patiente Vertriedung Asbl Member vun der Agora sinn :Anonym Glécksspil...
02/08/2026

Presentatioun vun den Organisatiounen déi bei der Patiente Vertriedung Asbl Member vun der Agora sinn :

Anonym Glécksspiller a.s.b.l. – Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV)

Anonym Glécksspiller asbl

Vill Verhalensweisen fänken als harmlos Fräizäitbeschäftegung oder als flott Gewunnecht un. Wann dës awer ausser Kontroll geroden an zu enger Belaaschtung fir déi betraffe Persoun oder hir Famill ginn, ass et wichteg, sech Hëllef ze sichen.

Mat der Grënnung vum Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV) huet d'Anonym Glécksspiller a.s.b.l. hire Wierkungsberäich ausgebaut. Nieft der Hëllef bei Glécksspillsucht bitt den ZEV elo och Berodung, Begleedung an Opklärung bei anere Forme vu Verhalenssüchten un, dorënner:

🎰 Glécksspillsucht
🎮 Computer- a Videospillsucht
📱 Social Media-, Internet- an Handysucht
🛍️ Kafsucht
❤️ S*x- a Pornosucht
💼 Aarbechtssucht
🏋️ Fitness- a Sportsucht

D'Berodung riicht sech souwuel un Betraffener wéi och un Familljememberen an aner Persounen aus dem Ëmfeld. All d'Berodungsangeboter si gratis a kënnen och anonym genotzt ginn.

Mat iwwer 20 Joer Erfarung an der Begleedung vu Mënschen, déi ënner enger Verhalenssucht leiden, setzt den ZEV sech dofir an, Betraffener ze ënnerstëtzen an iwwer d'Konsequenze vun exzessive Verhalensweisen opzeklären.

Wann Dir selwer betraff sidd oder Iech Suergen ëm eng Persoun an Ärem Ëmfeld maacht, zéckt net, Kontakt opzehuelen.

📞 Telefon: 26 48 00 38

🌐 Méi Informatiounen: https://www.zev.lu

Presentatioun vun den Organisatiounen déi bei der Patiente Vertriedung Asbl Member vun der Agora sinn :Association Luxem...
31/07/2026

Presentatioun vun den Organisatiounen déi bei der Patiente Vertriedung Asbl Member vun der Agora sinn :

Association Luxembourg Alzheimer

D’Associatioun Luxembourg Alzheimer ass en op d’Betreiung vun Demenzkranken Mënschen spezialiséiert Hëllefs-an Pflegenetz
Säit der Grënnung 1987 setzt d’ALA sech fir d’Interessen vun Mënschen déi un Demenz leiden, genau wéi hiren Familljememberen an.
Duerch déi verschidden Betreiungsstrukturen kann d’ALA deenen Betraffenen landeswäit all vun der Fleegeversécherung virgesinnen Leeschtungen ubidden.
Als Vereenegung bitt d’ALA weider Hëllefs- an Ennerstetzungsleeschtungen un.
Fir all hier Leeschtungen kennt dir Iech op hirem Site informéieren :

Ee puer Rotschléi bei dëser Hetzt!
30/07/2026

Ee puer Rotschléi bei dëser Hetzt!

Ihre Vereinigung setzt sich für die Interessen und das Wohlbefinden von Patientinnen und Patienten ein? Dann werden Sie ...
29/07/2026

Ihre Vereinigung setzt sich für die Interessen und das Wohlbefinden von Patientinnen und Patienten ein? Dann werden Sie Mitglied der AGORA!

Die AGORA bringt kleine und große Vereinigungen zusammen, die sich für die Rechte, die Information und das Wohlbefinden von Patientinnen und Patienten einsetzen. Gemeinsam können wir unsere Ziele besser verwirklichen und der Stimme der Patientinnen und Patienten mehr Gehör verschaffen.

Die Patiente Vertriedung organisiert regelmäßig Informations- und Austauschtreffen zu Themen, die für die Mitgliedsorganisationen von Interesse sind.

Interesse? Dann kontaktieren Sie uns gerne unter 49 14 57-1 oder per E-Mail : [email protected]

Sonneliicht ka geféierlech fir déi empfindlech Haut vu Kanner sinn: Sonnestéch, Deshydratatioun, a méi héije Risiko fir ...
27/07/2026

Sonneliicht ka geféierlech fir déi empfindlech Haut vu Kanner sinn: Sonnestéch, Deshydratatioun, a méi héije Risiko fir Hautkriibs am Erwuessenenalter. Puppelcher ënner 1 Joer sollen der Sonn guer net ausgesat ginn.

⛱️ Fir d'Sonn sécher ze genéissen, beuecht wgl. dës 6 wichteg Reflexer:
• Hutt
• UV-Schutzkleedung
• Sonnebrëll mat Kategorie 3 oder méi
• Direkt Sonn tëscht 12 a 16 Auer vermeiden
• Sonnecrème déi fir kleng Kanner gëeegent ass
• Keng ofgelafe Sonnecrème benotzen (maximal 6 Méint nom Opmaachen) – all 2 Stonnen nei opdroen

Méi Informatiounen op: https://gd.lu/cmzp7K

🇫🇷 L’exposition au soleil peut être dangereuse pour la peau fragile des enfants : coups de soleil, déshydratation, augmentation du risque de cancer de la peau à l’âge adulte. Les bébés de moins de 1 an ne doivent pas être exposés au soleil.
⛱️ Pour profiter du beau temps en toute sécurité, adoptez les 6 bons gestes :
• Chapeau
• Vêtements anti-UV
• Lunettes de catégorie 3 minimum
• Évitez l’exposition directe au soleil entre 12h et 16h
• Choisissez une crème solaire adaptée aux jeunes enfants
• Crème solaire non périmée (max 6 mois après ouverture) – application chaque 2 heures
Plus d’informations sur : https://gd.lu/cmzp7K

🇬🇧 Sun exposure can be dangerous for children's delicate skin: sunburn, dehydration, and an increased risk of skin cancer in adulthood. Babies under 1 year old should not be exposed to the sun.
⛱️ To enjoy the good weather safely, follow these 6 essential tips:
• A hat
• Certified UV-protective clothing
• Sunglasses of at least category 3
• Avoid direct sun exposure between 12 p.m. and 4 p.m.
• Choose a sunscreen suitable for young children
• Sunscreen must not be expired (max 6 months after opening) – reapply every 2 hours

More information on: https://gd.lu/cmzp7K

🦟 Mückenübertragene Krankheiten: Auch in Europa ein zunehmendes GesundheitsrisikoKrankheiten wie Dengue-Fieber, Chikungu...
22/07/2026

🦟 Mückenübertragene Krankheiten: Auch in Europa ein zunehmendes Gesundheitsrisiko

Krankheiten wie Dengue-Fieber, Chikungunya oder das West-Nil-Virus galten lange Zeit vor allem als Reiseerkrankungen. Doch durch die Ausbreitung bestimmter Mückenarten werden mittlerweile auch in Europa immer häufiger lokale Übertragungen festgestellt.

👉 So können Sie sich schützen:
✔️ Informieren Sie sich vor einer Reise über mögliche Gesundheitsrisiken am Reiseziel.
✔️ Schützen Sie sich vor Mückenstichen, z. B. mit Repellents, langer Kleidung und Moskitonetzen.
✔️ Vermeiden Sie stehendes Wasser in Ihrem Garten oder auf Ihrem Balkon, damit sich Mücken nicht vermehren können.

Prävention ist der beste Schutz – informieren Sie sich und helfen Sie mit, das Risiko einer Ausbreitung dieser Krankheiten zu verringern.

D'Patiente Vertriedung huet och eng Newsletter déi reegelméisseg verschéckt gëtt. Falls Dir ëmmer um neisten Stand wëllt...
20/07/2026

D'Patiente Vertriedung huet och eng Newsletter déi reegelméisseg verschéckt gëtt. Falls Dir ëmmer um neisten Stand wëllt sinn vun den Aktivitéiten vun der Patiente Vertriedung, kennt Dir Iech op eisem Site an eis Newsletter androen!

https://www.patientevertriedung.lu/p/21

Summerzeit ass Sonnenzäit – mee opgepasst op Hautkriibs!Hautkriibs ass eng vun de Kriibszorte, déi am einfachsten ze ver...
15/07/2026

Summerzeit ass Sonnenzäit – mee opgepasst op Hautkriibs!

Hautkriibs ass eng vun de Kriibszorte, déi am einfachsten ze vermeiden ass. Well Hautkriibs ze gesi ass, kann en och fréi erkannt ginn – an den Haaptrisikofaktor, d’UV-Stralung, kann mat engem anere Sonnverhalen wesentlech reduzéiert ginn.

Wat hëlleft fir sech ze schützen:
👕 Schutzkleedung droen
⛱️ Schied sichen
🕚 Mëttes tëschent 11 Auer a 16 Auer d’Direktsonn evitéieren
🧴 Reegelméisseg Sonneschutzcrème mat héijem UV-Schutz applizéieren

Persoune mat heller Haut, déi séier Sonnenbrand kréien an schlecht brong ginn, hu besonnesch héicht Risiko fir Hautkriibs.

Kanner mussen extra geschützt ginn, well ze vill Sonn an der Kandheet de Risiko fir
Hautkriibs am spéidere Liewen staark erhéije kann.

D'Ville de Luxembourg organiséiert am Kader vun der Mobilitéits Woch eng Fotocampagne. Sie wëllen inklusiv Mobilitéit mé...
13/07/2026

D'Ville de Luxembourg organiséiert am Kader vun der Mobilitéits Woch eng Fotocampagne. Sie wëllen inklusiv Mobilitéit méi siichtbar maachen. Dir wëllt matmaachen ? Da mellt iech bei [email protected]

Adresse

1-b, Rue Thomas Edison
Strassen
1445

Heures d'ouverture

Mardi 09:00 - 12:00
14:00 - 16:00
Mercredi 09:00 - 12:00
14:00 - 16:00
Jeudi 09:00 - 12:00
14:00 - 16:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Patiente Vertriedung asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Patiente Vertriedung asbl:

Raccourcis

Partager